Wien ass responsabel, wann am Internet Auteursrechter blesséiert ginn?

© AFP
Lëtzebuerg gehéiert zu de Kritiker vun der neier Reegelung fir d'Droit-d'auteuren am Internet. Dëse Samschdeg gëtt dogéint demonstréiert.
Si wëll d'Droit-d'auteuren am Internet der Zäit upassen. Ma déi nei Copyright-Direktiv vun der EU suergt nawell fir vill Opreegung. Virun allem d'Artikelen 11 an 13 stinn an der Kritik. Et gëtt notamment gefaart, datt gewëss Fräiheeten am Internet a Gefor sinn. D'Géigner vun der Direktiv ginn d'Hoffnung net op.
Zu deene Géigner gehéiert Lëtzebuerg. Och wann d'Adaptéiere vun de Reegele vum Prinzip hier begréisst gëtt, sou wier de Kompromëss, deen d'Negociateuren ausgehandelt hätten, net equilibréiert genuch.
An der zoustänneger Kommissioun huet de Grand-Duché dofir zesumme mat Finnland, Italien, Holland a Polen déi rout Kaart gewisen.
Och an de Couloire vun der Lëtzebuerger Chamber héiert ee virun allem kritesch Téin: D'Direktiv wier ze strikt an d'Diskussiounen aus de leschten zwee Joer wieren am Text net berécksiichtegt ginn, esou d'LSAP-Deputéiert Lydia Mutsch. De Sujet stoung bis ewell zwar nach net um Ordre du jour, d'Thema interesséiert awer natierlech d'Deputéiert aus der parlamentarescher Digital-Kommissioun.
Am Zentrum vun der Kritik steet jo den Artikel 13. Online-Plattforme musse scho beim Eropluede vu Contenu sécherstellen, datt keng protegéiert Wierker am Netz landen. Et ginn als Konsequenz strikt Filtere gefaart an eng gewëss Zensur. Och legaalt Material kéint erausgesënnert ginn an de Wee an den Internet net packen.
De Piraten-Deputéierte Sven Clement schwätzt vu gravéierende Konsequenzen, déi et kéinte ginn. Et wier zwar net grondsätzlech falsch, datt e Computer kuckt, ob bei engem Upload zum Beispill op Facebook, Youtube, Twitter, Linkedin ... kee geschützte Material benotzt gëtt, de Problem wier awer, datt et och Memes, Remixes, Kriticken, Commentairen gëtt an déi kéint e Computer hautdesdaags nach net erkennen.
Och bei der CSV ass een der Meenung, datt de Kompromëss nach eemol sollt op de Leescht geholl ginn. D'Deputéiert Octavie Modert wonnert sech awer iwwer de Revirement vun der Lëtzebuerger Regierung - nach wier de Sujet weder an der Chamber, nach an der Chamberkommissioun diskutéiert ginn, dobäi wier et interessant ze wëssen, firwat d'Regierung hir Meenung geännert hätt. Lo wier se géint den Artikel 13, virdru wier dat net de Fall gewiescht ...
Nieft dem Artikel 13 huet den Artikel 11 nawell net just Frënn. D'Zil ass et, d'Wierker vun Auteuren ze remuneréieren. Hei gëtt awer gefaart, datt et an Zukunft problematesch kéint ginn, fir Lienen um Internet ze deelen.
Et ass - wéi et ausgesäit - awer egal wéi net ze evitéieren, datt d'Direktiv geschwë bei den zoustännegen europäeschen Instanzen duerchkënnt. Dono hunn d'Memberstaaten zwee Joer Zäit, fir se ëmzesetzen.
PDF: Pressecommuniqué am Numm vu 14 Organanisatiounen a Parteien.
Zu Lëtzebuerg gëtt sech trotzdeem weider gewiert. Virun allem eng ganz Rei Jugendorganisatiounen - dorënner Jugendparteien - stäipe sech massiv géint d'Artikelen 11 an 13.
E Samschdeg ass an deem Kontext op der Place de l'Europe um Kierchbierg eng Protestmanifestatioun.
Schreiwes #SaveYourInternet
Breet Bündnis rifft zur Demonstratioun géint d'EU-Urheberrechtsreform op
De Samschden den 23. Mäerz sinn europawäit Demonstratioune géint d'EU-Urheberrechtsdirektiv, iwwer déi d'Woch drop am Europaparlament ofgestëmmt gëtt, geplangt. Treffpunkt fir d'Manifestatioun zu Lëtzebuerg ass d'Place de l'Europ um Kierchbierg fir 14 Auer.
Problematesch un der geplangter Reform si virun allem d'Artikelen 11 an 13.
Artikel 11 stellt d'Verlinke vu virun allem Presseartikelen a Fro, wärend den Artikel 13 Uploadfiltere mat sech brénge wäert, déi eng grouss Gefor fir d'Meenungsfräiheet duerstellen.
Ënnerstëtzt gëtt dës Manifestatioun vun:
