De Copyright assuréiert Auteuren, Artisten, Realisateuren a vill aner Kreativer. Iwwer 7 Milliounen Aarbechtsplazen an der Unioun sinn dorunner gebonnen.

Och de kontroversen Artikel, dee Plattforme wéi Youtube betrëfft, huet eng Majoritéit zu Stroossbuerg fonnt.

D'Lëtzebuerger Europadeputéiert hate gesot, si géife géint d'Reform stëmmen, wat si och gemaach hunn. An awer gouf déi ëmstridde Reform mat 348 zu 274 Stëmmen ugeholl.

Europaparlament huet d'Copyright-Reform ugeholl
De Copyright assuréiert Auteuren, Artisten, Realisateuren a vill aner Kreativer. Iwwer 7 Milliounen Aarbechtsplazen an der Unioun sinn dorunner gebonnen.

Et hätt een eng grouss Chance verpasst, esou d'Europa Deputéiert Tilly Metz.„Also eng Reform war néideg, mais den Artikel 13, elo 17, wat Upload-Filteren ugeet, dat ass kontra-produktiv fir d'„Liberté d'expression“. An dat ass eben schued. An do ass eben elo verpasst ginn, datt een do nach eppes hätt kéinten änneren, wann ee dann déi Amendementer hätt kéinten stemmen.“

5 Stëmmen an engem fréizäitege Vott hu gefeelt, fir dës Amendementer frësch ze diskutéieren.

Fir de Bierger géif dat elo praktesch heeschen, dat manner Choix u Plattformen do ass, fir säi kreative Contenue ze deelen. Wat och heescht, datt manner Matière fir den Notzer do ass, fir ze kucken, liesen oder ze lauschteren. Kleng Entreprisë géifen dem Europa-Deputéierten Christophe Hansen no och Steng an de Wee geluecht kréien.

Kleng Plattformen, déi mussen 3 Konditiounen erfëllen. Dat heescht, dat se op d'mannst manner wéi 3 Joer existéieren. Manner ewéi 10 Milliounen Ëmsaz am Joer maachen a manner ewéi 5 Millioune Opriff den Mount hunn. Dat ass natierlech ganz restriktiv, wann een och bedenkt, datt esou Plattformen och méi Zäit brauchen, fir eng Kéier grouss ze ginn.“

Well d’Parlament d’Proposen ouni Ännerungen ugeholl huet, kéint déi nei Richtlinn nach virun den Europawalen a Kraaft trieden, eréischt da gesäit een, wéi déi nei Copyright-Direktiv den Internet verännert. Innerhalb vun den nächsten 2 Joer soll Direktiv dann an d'nationaalt Recht ëmgesat ginn.

Ob et effektiv zu Restriktioune fir de Bierger kënnt, weess een awer eréischt an e puer Joer. Vill Léit an der kreativer Industrie solle jo och vun den neie Mesurë profitéieren.

Nom Accord vum Europaparlament iwwert d'Reform vum Copyright läit de Ball elo nees bei den EU-Länner. Si mussen nach eemol iwwert de Kompromëss ofstëmmen. Als méiglechen Datum fir de Vott gëtt den 9. Abrëll genannt. Sollten d'EU-Staaten op en Neits hiren Accord ginn, hätte se ronn zwee Joer Zäit, déi nei Reegelen an d'nationaalt Recht ëmzesetzen.

Fir géint de Vott vun en Dënschdeg ze protestéieren, hunn déi jonk Piraten fir e Mëttwoch zu enger spontaner Demonstratioun op der Plëss opgeruff. Wéi et an engem Communiqué heescht, wéilt een den Deputéierte weisen, dass een net mat der Entscheedung d'Accord ass an Decisioun komplett ondemokratesch getraff gouf. Den Optakt vun der Maniff ass de Mëttwoch den Owend um 18 Auer virun der Chamber.

Reaktioun Chaos Computer Club Lëtzebuerg

Ee schwaarzen Dag fir Europa, nennt de Chaos Computer Club Lëtzebuerg den Dag vu gëschter, wou am Europaparlament d'Copyright-Reform gestëmmt gouf. RIP Fräien Internet, soe si.

D'Reform wär schlecht duerchduecht an hätt massiv negativ Konsequenzen, dat géif een awer eréischt an e puer Méint, spéitstens an zwee Joer ze spiere kréien. Den Internet, sou wéi een en haut kennt, géif verschwannen.

Eng lescht Chance géif et nach ginn, mengt de Chaos Computer Club, den 9. Abrëll misst den europäesche Conseil géint d'Direktiv stëmmen.

Ëm wat goung et?

Vun villen am Europa-Parlament koum d'Kritik, datt Maschinnen an Algorithmen net iwwer Meenungsfräiheet a Contenu kënnen decidéieren. De Risk, dat och legal Produkter beim Eroplueden op verschiddene Plattformen erausgefiltert ginn, wier ze grouss.

Ma den Axel Voss, Rapporteur vun der Reform, fënnt des Aussoen exageréiert a verteidegt déi nei Copyright-Reform. Et géif ee kee Rideau virun d'Meenungsfräiheet zéien.

Mit dieser Reform wird es keine Zensur geben. Mit dieser Reform wird die rechtmäßige Meinungsfreiheit eben nicht eingeschränkt. Mit dieser Reform schaffen wir: Rechtssicherheit für den rechtmäßigen Umgang mit urheberrechtlich geschützten Werken. Und bieten viel mehr Möglichkeiten für die einzelnen Nutzer, Bürgerinnen und Bürger. Google, Facebook, YouTube machen hier eine „Governance by Shitstorm“. Sie verbreiten Des-informationen und setzen viel Geld ein, um die öffentliche Meinung zu erschleichen.“

Se géife weisen, wéi einfach et ass, Meenungen ze manipuléieren. Et géing em d'Recht vum kreativem Eegentum an dorëms Entreprisë wéi Facebook, Google oder YouTube ze bremsen, déi Milliarde verdénge mat Contenue vun anere Leit.

Hei d'Schreiwes vun der grénger Europadeputéiert Tilly Metz

Die Mehrheit der Abgeordneten hat soeben gegen das freie Internet gestimmt und ignoriert die Sorgen und Proteste von hunderttausenden von Menschen, die am Samstag in ganz Europa für das freie Internet demonstriert hatten.

Die grüne Europaabgeordnete Tilly Metz kommentiert das Abstimmungsergebnis:

„Der EVP-Berichterstatter Axel Voss und die Mehrheit der EU-Abgeordneten haben heute die Chance vergeben, der Europäischen Union ein modernes Urheberrecht zu geben. Die heute angenommene Einigung ist schlecht für Künstler, Autoren und kleine Verlage und schlecht für die Internetnutzer. Das neue Urheberrecht gefährdet die freie Meinungsäußerung im Internet, denn technisch einwandfreie Uploadfilter gibt es nicht. Algorithmen können nicht unterscheiden und werfen Urheberrechtsverletzungen und legale Weiterverwendung zu Parodiezwecken in einen Topf.“

D'Schreiwes vun der sozialistescher Europadeputéiert Mady Delvaux-Stehres

Je désapprouve l’issue du vote qui a eu lieu aujourd’hui en plénière sur la réforme du droit d’auteur validant l’accord trouvé en trilogue (348 voix pour 274 contre et 36 abstentions). Le Luxembourg fait partie des cinq pays à s’être opposé au texte au Conseil et je me joins à cette opposition.

Cette procédure est dans son ensemble regrettable : Du lobbying féroce et des partis pris clivants incapables de se mettre d’accord avec pour résultat un texte flou qui laisse beaucoup de travail d’interprétation aux juges.

Sur le contenu, je rappelle que je partage le but de la proposition : faire payer les GAFAs et grandes plateformes pour assurer une juste rémunération des auteurs. Malheureusement, les mesures proposées pour parvenir à ce résultat sont inefficaces puisque les compromis ne font peser aucune obligation de moyen ni de résultat sur les plateformes et sont dangereuses pour la liberté d’expression et la pluralité de la presse.

Le compromis de l’article 13 nouvellement article 17 dont le but de la Commission était de rendre les plateformes internet (l’exemple type étant Youtube) totalement responsables du contenu mis en ligne par les utilisateurs est mauvais. Sa mise en œuvre implique toujours un filtrage du contenu pouvant porter atteinte à la liberté d’expression. Les exceptions mises en place pour répondre à nos inquiétudes ne fonctionnent pas : Les critères pour limiter la responsabilité des petites entreprises qui n’auraient pas la capacité d’instaurer ces filtrages sont bien trop restrictifs et la souplesse accordée pour permettre la diffusion de parodies, citations et critiques ne pourra être appliquée par des algorithmes bien en mal de reconnaitre le sens de l’humour.

Le compromis de l’article 11 nouvellement article 15 concernant la création d’un droit voisin pour les éditeurs de presse n’aura pas pour conséquence de rémunérer mieux les journalistes. Le but est d’obliger les plateformes telles que Google à payer les éditeurs de presse mais rien dans le texte n’oblige à verser l’argent aux auteurs. De plus, la solution a été tentée sans résultat en Allemagne et en Espagne : Non seulement cela n’a pas permis une plus juste rémunération des auteurs, mais cela a porté atteinte aux plus petits éditeurs, au pluralisme des médias et à la liberté d’information.

Ma seule satisfaction concerne le compromis de l’article 3 qui améliore nettement le texte voté au Parlement en septembre 2018 en permettant la fouille de textes et de données (Text and Data mining) à des fins de recherches.