Den tscheche Politiker war e Méindeg zu Lëtzebuerg, RTL hat de konservative Spëtzekandidat bei den Europawalen virum Mikro.

De Jan Zahradil ass Spëtzekandidat vun der ACRE , der Allianz vun de Konservativen a Reformisten an Europa, enger Parteien-Allianz zu där och déi lëtzebuergesch ADR gehéiert. Den tschechesche Politiker war e Méindeg zu Lëtzebuerg an d'Fanny Kinsch huet mam Spëtzekandidat geschwat.

E Spëtzekandidat, deen awer eigentlech géint dee System ass: den europäesche Rot sollt de Kommissiounspresident kënnen aussichen, et misst net onbedéngt de Spëtzekandidat vun där stäerkster Fraktioun am Parlament sinn.

D’Fraktioun vun de Konservativen a Reformisten am Europaparlament gouf vun de britesche Konservative gegrënnt, nodeems dës ënnert dem David Cameron aus der Europäescher Vollekspartei ausgetruede sinn. Déi konservativ Parteien hunn den Ament 18 vun der EKR hire 77 Sëtz am Parlament, e Grond zur Suerg?