E Käfer, en Deo, e Briquet an eng Komoud: Dës Kombinatioun huet zu Neckergemünd a Baden-Württemberg e Pompjeesasaz ausgeléist.

Den 20 Joer jonken Mann wollt u sech just e Käfer, deen hien a senger Wunneng hat, ëmbréngen. Kuerzerhand huet hien zu sengem Deo gegraff, e Briquet geholl an de Käfer domadder attackéiert a verbrannt. Wat dem jonke Mann awer net opgefall ass: Och d'Komoud, op där d'Déier souz, huet Feier gefaangen.

Well nodeem de Käfer net méi war, ass de Mann emol dusche goen. Do ass him awer kuerz drop opgefall, datt et verbrannt géif richen. Wéi hie kucke gaangen ass, ass him opgefall, datt d'Komoud géif brennen. Séier huet de Mann d'Strenz geholl a wollt d'Feier läschen. Well him dat awer net gelongen ass, hunn d'Pompjeeë misste geruff ginn, fir d'Situatioun ze retten an d'Feier ze läschen.