Domadder gëtt d'Ema dem Vaccin gréng Luucht. Ma et sollen awer Warnungen op méiglech Niewewierkungen op de Beipackziedel kommen.

Ema iwwer AstraZeneca / Reportage Claude Zeimetz

Den AstraZeneca wierkt an ass sécher an zouverlässeg, heescht et vun der Ema no detailléierten Analysen. An d'Risike wieren däitlech méi kleng, wéi den Notze vum Impfstoff. Och géif den AstraZeneca de Risiko vu Bluttgerinnsel net iwwerméisseg eropsetzen, dat wier bei der Analys vun den europäeschen Experten erauskomm.

Well awer no Impfunge Fäll opgetruede sinn, soll dat méiglecht Forméiere vu Bluttgerinnsel och op de Beipackziedel bei déi méiglech Niewewierkunge gesat ginn. Domadder wëll een d'Leit méi bewosst op déi méiglech Niewewierkungen opmierksam maachen.

Et war déi héchste Prioritéit, fir dëse Problem ze analyséieren, well all Dag Leit um Coronavirus stierwen, heescht et vun der EU. Weider heescht et, datt et, wann ee Millioune vu Leit impft, et normal ass, datt verschidde Leit schwéier Reaktioune op d'Impfung hunn.

De Roll vun der Ema wier et, fir erauszefannen, wou déi hierkommen an dogéintzesteieren, dat esou séier wéi méiglech. Dofir huet een all d'Ressourcen zesummegezunn an all d'Beweiser geséchert an analyséiert.
D'Experten vum sougenannte Pharmacovigilencecomité vun der EMA hunn déi rare speziell Thrombosefäll, virun allem Bluttgerinnsel am Kapp, genee ënnersicht a sinn zur Konklusioun komm, datt de brittesch-schwedesche Vaccin sécher an effikass ass, wéi d'Directrice vun der EMA Emer Cooke erkläert.

 "De Comité ass zu enger klorer wëssenschaftlecher Konklusioun komm. Dat hei ass e sécheren an effikasse Vaccin, dee seng Notzen an der Lutte géint de Covid mat all senge méiglechen Hospitalisatiounen an Doudesfäll iwwert de méigleche Risike vum Impftstoff leien. De Comité ass och zu Konklusioun komm, datt de Vaccin net a Relatioun ze bréngen ass mat engem generell méi héije Risiko vun Thrombosen.

Déi europäesch Medikamentenagence hat d'Iwwerpréiwung ageleet, nodeem Fäll vun enger seelener Zort vun Thrombosen no Impfunge opgetruede waren.  Dëst hat a verschiddene Memberlänner zu engem Impfstopp gefouert.

Et bleift awer ze fäerten, datt den Image vum AstraZeneca ellen ugekraazt ass. Dat ass och eng vun den Haaptsuerge vun de politesche Responsabelen. Fir d'éischt den Hin an Hier op en dann elo fir eeler Leit ka geholl ginn oder net, dann déi soi-disant méi niddreg Effikassitéit déi kritiséiert gouf an elo d'Niewewierkungen, déi vill thematiséiert goufen.

Wéi wichteg et ass, datt d'Impfcampagnë weiderkommen, weisen schlussendlech awer déi lescht Donnéeën vun der WHO. D'Weltgesondheetsorganisatioun sot sech ganz besuergt wéinst der aktueller Situatioun um Balkan an an Zentraleuropa. A ganz Europa sinn d'Infektiounszuelen déi drëtt Woch hannert eneen eropgaangen. Den Ament géifen och méi Leit an Europa a Relatioun mam Covid stierwen, wéi déi selwecht Zäit zejoert.