Den europäesche Parquet hëlt ënnert der Direktioun vun der rumänescher Juristin Laura Codruta Kövesi hir Aarbecht op.

Europäesche Parquet - E Reportage vum Diana Hoffmann

All Joer geet der Europäescher Unioun en Heede Geld verluer. Dëst duerch Fraude a Korruptioun. Dee gréissten Deel wuel duerch grenziwwerschreidenden TVA-Bedruch. Estimatioune ginn hei vun engem Verloscht vu bis zu 50 Milliarden Euro aus. Dat bei engem EU-Budget vu méi wéi 150 Milliarden Euro zejoert. Iwwer 1.000 Bedruchsfäll mellen d'EU-Memberstaaten am Schnëtt pro Joer, wou eng 50 Milliarde verluer gaange sinn. Déi néideg Kompetenz, fir dës Fäll ze poursuivéieren, feelt den Ament nach. Dovunner ass déi Europäesch Justizkommissärin Vera Jourova iwwerzeegt.

En Dënschdeg de Moien huet den Europäesche Parquet, op Englesch de "European public procscutor's office", kuerz EPPO, dann um Kierchbierg mat schaffen ugefaangen. Poursuitten a Saache Finanzkriminalitéit, déi den europäesche Budget betreffen, sollen an Zukunft net méi virun de Grenze stoppen. Op d'Fro, wat soll den EPPO dann elo anescht maachen, äntwert d'Vera Jourova kuerz: "poursuivéieren" a formuléiert da weider aus: "Dat ass nei. Mir haten nach keen Organ, dat domat befaasst ass, esou kriminell Fäll ze poursuivéieren. D'Institutioun wäert sech mat Fäll befaassen, wou de Schued 10.000 Euro depasséiert. Awer och mat Bedruch bei der TVA. Et ass eng grouss Staang Geld, déi eis all Joer do verluer geet. Mer hoffen elo, datt vill Geld an den ëffentleche Budget vun der EU zréckkënnt."

Fir datt dat geléngt, hu sech 22 Memberstaaten aus der Europäescher Unioun zesummegeschloss. An den Zentralbüro um Kierchbierg si vun all Land da Procureuren delegéiert. Dës superviséieren d'Enquête an d'Poursuite, déi op nationalem Niveau gemaach gëtt. Ma déi delegéiert Procureuren an de Memberlänner schaffen och mat hinnen zesummen.

Awer net all EU-Memberstaat wollt matmaachen. Net dobäi sinn Dänemark, Irland, Polen, Ungarn a Schweden. Woubäi een Dänemark an Irland net kéint zielen, well si e speziellt Ofkommes hätten, wéi d'Vera Jourova erkläert. Schweden hätt awer mëttlerweil Interêt gewisen. Ungarn a Polen wieren awer all Ament wëllkomm. D'Justizministesch Sam Tanson erkläert sech dëst Net-Matmaachen duerch Bedenken, déi et allgemeng a ville Länner och ugangs géint den Europäesche Parquet gi wieren. Sou huet d'Kreatioun vun der neier Institutioun vun der Iddi bis haut bal 20 Joer gedauert. "Wat nei ass, ass, datt d'Länner an deem Beräich, wou si traditionell hir eege Souveränitéit hunn, en Deel ofginn un eng international, eng Europäesch Institutioun", betount d'Ministesch. Déi Länner, déi net matmaachen, hätte méiglecherweis Angscht, en Deel vun der Souveränitéit an dësem Beräich ofzeginn.

Ma nieft dem Europäesche Parquet gëtt et och nach de sougenannten Olaf, dee sech fir d'Lutte géint Fraude asetzt, awer net selwer ermëttelt, souwéi Eurojust, en Organ, fir grenziwwerschreidend organiséiert Kriminalitéit opzedecken. An Europol och géint grenziwwerschreidend Kriminalitéit. Eng iwwergräifend Zesummenaarbecht soll lo d'Lacunnen an der Legislatur zoumaachen. Dacks géingen nämlech Kompetenzen an awer och Ressourcen an de Memberstaaten dofir feelen. Ma den Institutiounen, déi existéieren, hätt et bis elo och un der néideger Muecht gefeelt, fir esou Strofdote géint den EU-Budget ze poursuivéieren, seet d'Vera Jourova.

Dem Europäesche Parquet gouf vun der Unioun e Budget 45 Millioune pro Joer zougesprach. Déi éischt Fäll goufen och schonn en Dënschdeg eragereecht. 2 vun Däitschland an 3 vun Italien. Et geet een awer dovunner aus, datt an deenen éischte Wochen a Méint d'Fäll wäerten exponentiell an d'Luucht goen. Dës, well Ermëttlungen zu Strofdote kënne gemaach ginn, déi bis op Summer 2017 zréckginn.