D’Zuel vu gemellte Fäll vu Kannermëssbrauch, deen online stattfënnt, huet an de leschte Joren extrem zougeholl

Elleng 2020 goufe weltwäit iwwer 21 Millioune Fäll deklaréiert a 65 Millioune Biller a Videoe fonnt, esou Zuele vun der Europäescher Kommissioun. An der EU gëtt aktuell eng Gesetzespropose diskutéiert, déi et erméigleche soll och verschlësselt Chatten ze iwwerwaachen.

E groussen Deel vun eiser Online-Kommunikatioun leeft verschlësselt of. Vereinfacht gesot bedeit dat wann ech vu mengem Handy eng Foto fortschécke gëtt se gepackt, réischt wann se beim Empfänger ukënnt kann dee mat sengem Schlëssel d’ Informatiounen nees liesen.

D'EU-Kommissioun huet an enger Gesetzespropose virgesinn dëse Mechanismus an enger Form ze ëmgoen, fir virun allem géint online Kannermëssbrauch vir ze goen.

Eng kënschtlech Intelligenz géif Messagen di ee schéckt iwwerpréiwen, bei engem Verdachtsfall géif eng néi geschafen EU-Agence dës Messagen iwwerpréiwen. De Chaos Computer Club Lëtzebuerg kritiséiert des Mesure, datt Tech-Entreprise solle gezwonge gi reegelméisseg, privat Noriichte vun hire Benotzer, automatesch ze duerchliichten a Verdachtsfäll ze mellen. Dat géif d’ Dier opmaache fir spéider esou Funktiounen ze erweideren.

D'Propose vun der Kommissioun stéisst och bei Memberstaaten op Widderstand. Esou huet di däitsch Inneministesch gesot, datt ee misst verhënneren, datt all private Message, ouni konkrete Verdacht kéint iwwerpréift ginn, dat wier net am Aklang mat eise Fräiheetsrechter. D'Lëtzebuerger Regierung huet sech nach net zur Propose positionéiert.