Schonn an den nächsten Deeg soll d'Griichin, déi an de Bestiechungsskandal Enn 2022 involvéiert gewiescht soll sinn, nees ënner Oplagen Heem dierfen.

Am Korruptiounsskandal ëm d'Europaparlament kënnt déi ofgesate Vizepresidentin Eva Kaili ënner Oploen aus dem Prisong fräi. Déi belsch Justiz huet e Mëttwoch decidéiert, d'Kaili no gutt véier Méint an Untersuchungshaft an den Hausarrest ze transferéieren, dat huet de Parquet vu Bréissel matgedeelt. Si gëtt mat enger elektronescher Foussfessel iwwerwaacht.

Déi griichesch Politikerin gëllt als Gesiicht vun deem als "Katargate" bekannte Korruptiounsskandal. An der Korruptiounsaffär ass et ëm de méiglechen Afloss vun de Regierunge vu Katar a vu Marokko op d'EU-Parlament gaangen. De Parquet geheit der Eva Kaili an den anere Beschëllegte Korruptioun, Geldwäsch an d'Memberschaft an enger krimineller Vereenegung vir.