36 verschidden Ufro krute mer op eisen Opruff eran, datt Leit eis solle Sujeten oder Aussoen eraschécken, déi si gären iwwerpréift hätten.

D'Froen, déi mer erageschéckt kruten, hunn déi verschiddenst Themen, national wéi och international, opgegraff. Fir den internationale Faktencheck-Dag op RTL hu mer eis decidéiert, fir Sujeten nozegoen, déi de Grand-Duché betreffen, och wann interessant Froestellungen ënner anerem zum Donald Trump, den Tesla-Verkeef oder de Klimawandel betreffen.

Och wa mer net all déi proposéiert Sujete konnten um Faktencheck-Dag opgräifen, esou probéiere mer am Laf vum Joer ëmmer nees d'Proposen opzegräifen an dësen nozegoen.

Sujeten am Kader vum Faktencheck-Dag

Kascht et wierklech 40 Milliounen Euro pro Joer, fir Lëtzebuergesch als offiziell EU-Sprooch anzeféieren?

RTL

© Photo by Kenzo TRIBOUILLARD / AFP

Déi ganz Fro geet op eng Interventioun vum Fernand Kartheiser am EU-Parlament zeréck. Hei wollt de Lëtzebuerger EU-Deputéierte seng Ried op Lëtzebuergesch halen a gouf direkt ënnerbrach. Well d'Lëtzebuergesch keng offiziell EU-Sprooch ass, ka se och net am Parlament iwwersat ginn.

D'Fro huet sech dono gestallt, wat muss passéieren, fir offiziell EU-Sprooch ze ginn. An där Diskussioun huet d'Tilly Metz, Europadeputéiert vun déi Gréng, d'Ausso gemaach, datt dës Ëmsetzung iwwer 40 Milliounen Euro géif kaschten. Op RTL-Nofro huet et vum Büro vun der Tilly Metz geheescht, datt dee Montant op eng Fro vun der spuenescher Presidence zeréckgeet. Enn 2023 gouf déi Recherche gemaach an och publizéiert: D'Aféiere vum Gäleschen, also der irescher Sprooch, géif ronn 44 Milliounen am Joer kaschten. D'Sprooch gouf Ufank 2022 offiziell EU-Sprooch. Dee Montant confirméiert de Kommissär fir d'Lëtzebuerger Sprooch Pierre Reding, deen op eng aner Recherche verweist, déi zum selwechte Resultat koum. De ganze Faktencheck kënnt Dir hei noliesen.

Kommen all Joer zwou Millioune Leit op d'Schueberfouer?

RTL

© Ketty a Rom Hankes ( RTL Archiv)

Eng fix Zuel op en Evenement wéi d'Schueberfouer ze setzen, ass wuel net einfach. Et ass wuel logesch, datt een net all Mënsch, deen op dat grousst Volleksfest geet, einfach esou ziele kann. Ma wéi kënnt een op d'Zuel vun zwou Millioune Visiteuren?

Mir hunn dat op verschiddene Plazen nogefrot an d'Äntwert war bal ëmmer déi selwecht: D'Police, de CGDIS an d'Luxembourg Confederation, déi d'Interessi vun de Foraine vertrëtt, konnten eis keng Zuelen nennen, well si selwer keng erhiewen. Si all hunn eis un d'Ville de Luxembourg verwisen. Aus der Stater Märei hu mer bis zu der Publikatioun vum Artikel (hei) leider keng Äntwert kritt. Mir wäerten déi awer noreechen, esoubal mer se hunn.

Ginn déi blo Valorlux-Tute mam normalen Dreck an den Uewe gehäit?

RTL

© Arnaud Serexhe

Et ass eng Rumeur, déi zanter Joren den Tour an de soziale Medie mécht: Déi blo Valorlux-Tute landen an de Verbrennungsanlagen, fir d'Feier um Lafen ze halen. Deem ass awer net esou, confirméiert eis den Direkter vu Valorlux an eisem Faktencheck (hei). Dës kommen op Bech-Klengmaacher a ginn hei sortéiert a getrennt. Dono kommen d'Materialie bei spezialiséiert Entreprisen an d'Ausland.

Datt awer eng Valorlux-Tut an der Verbrennungsanlag lant, ass net onméiglech. Well verschidde Bierger notzen déi blo Tuten amplaz vun den normale Poubellestuten a geheien dës dono dann och an déi schwaarz Poubelle. Esou fanne verschidde vun dësen spezialiséierten Tuten de Wee dann awer an d'Verbrennungsanlag.

Proposen, déi mer scho verschafft haten

Verschidde Proposen, déi mer erageschéckt kruten, ware mer schonn am Virfeld nogaangen, respektiv goufen dës net als Faktenchecken, mä als normal Artikele verschafft.

Gëtt den Elektroauto zum Luxusartikel? Experte soe kloer Nee!

RTL

Vun engem User krute mer 1 zu 1 den Titel vun engem vun eisen Artikelen (hei) erageschéckt. An dësem hate mer mam Xavier Hansen aus dem Energieministère iwwer d'Elektroautoen, d'Lueden an d'Präisser vum Elektresche geschwat.

Wéi geet et mam Stéphanie Weydert weider no der HUT-Affär?

Dës Froestellung ass schwéier als Faktencheck ze maachen, well d'Äntwert op d'Fro reng Spekulatioun wier. Fakt ass awer, och wann d'Madamm Weydert net méi Presidentin oder Member vun der Spezialkommissioun "Caritas" ass, esou ass si Stand haut weider Deputéiert an der Chamber an déi gewielten CSV-Politikerin ass och nach a verschidden anere Chamberkommissiounen, wéi ënner anerem an där vun der Agrikultur oder där vun der Aarbecht. Dat alles kann een um Site vun der Chamber (hei) noliesen.

Schumme sech d'Leit, en Tesla ze fueren, wéinst dem Elon Musk?

RTL

© MATTHIAS BALK DPA dpa Picture-Alliance via AFP

Och dëst war eng Fro, déi mer erageschéckt kruten, déi mer änlech schonn opgegraff haten. Zuele vum europäesche Verband vun den Autosconstructeuren ACEA weisen, datt zwar méi Elektroautoen an Europa verkaf ginn, ma zäitgläich fält de Maartundeel vun Tesla an der EU vun 2,1 % op 1,1 % (hei). Ob dat awer elo mam Elon Musk ze dinn huet, ass méi schwéier ze soen. Duerch vill Protester (hei an hei) weltwäit géint de Multimilliardär kéint een déi Relatioun maachen. Et awer definitiv doru festzemaachen, fält allerdéngs éischter an d'Kategorie Spekulatioun, wéi Faktencheck.

Wat si Chemtrails?

RTL

© Photo by Jakub Porzycki / NurPhoto / NurPhoto via AFP

Am September 2023 war eis Faktencheck-Redaktioun dësem Sujet schonn eng Kéier nogaangen. "Chemtrails" sinn d'Basis fir vill verschidde Verschwörungstheorien. Dobäi si se näischt anescht, wéi eng Mëschung aus Waasserdamp, CO2 an Aerosolen, och nach Kondenssträife genannt. Dës mat Gëfter oder Chemikalien unzeräicheren, fir domadder en Afloss op d'Populatioun ze hunn, wier net méiglech, well dës Sträifen um Himmel an enger vill ze grousser Héicht entstinn, fir datt d'Gëfter d'Mënschheet iwwerhaapt erreeche kéinten (hei).

Wat ass Geoengineering?

Am selwechten Artikel, wou mer iwwer d'Chemtrails geschwat hunn, si mer och op de Begrëff Geoengineering agaangen (hei). Geoengineering bedeit, datt d'Wëssenschaft probéiert, mat technesche Mëttel an d'Klima vun der Äerd anzegräifen, mam Zil, déi vum Mënsch verursaacht Klimaerwiermung ze reduzéieren an esou d'Äerderwiermung oder d'Konzentratioun vun CO2 an der Atmosphär ze verréngeren. Dëst Virgoen ass awer aktuell nach net ausgeräift.

Hutt Dir Froen oder Ureegunge fir aner Themen? Da mellt Iech ënnert dëser E-Mail-Adress bei der RTL-Faktencheckredaktioun: faktencheck@rtl.lu