De Musée Auschwitz-Birkenau a Polen huet kierzlech wéinst dem wuessende Social-Media-Trend, bei deem KI-generéiert Biller vun angeeblechen Holocaust-Affer gedeelt ginn, Alarm geschloen.

Ufank Juli 2025 hat sech esou e Bild vun engem tschechesche Geiist zu Auschwitz mam Numm "Hank" zesumme mat enger erfonnter Geschicht verbreet.

Zwar gouf et tatsächlech jüddesch Musekerinnen a Museker a Konzentratiounslageren. D'Foto ass awer net echt.

Visuell Onstëmmegkeeten an enger Analys mat engem KI-Erkennungstool no gouf d'Bild mat grousser Warscheinlechkeet mat Kënschtlecher Intelligenz hiergestallt. D'Gedenkstätt Auschwitz souwéi Expertinnen an Experten hunn d'Bild als necht authentesch agestuuft.

"1943 zu Auschwitz gouf e Geiist mam Numm 'Hank' gezwongen, dem Lagerorchester bäizetrieden; seng Aufgab war et, Musek ze spillen, wärend aner Gefaangener an d'Gaskummere bruecht goufen!", heescht et an engem Facebook-Bäitrag vum 8. Juli 2025. "Mat Tréinen an den Aen an engem zidderege Bou an der Hand huet hien dem Schubert seng 'Serenade' gespillt."

Dobäi gouf e Bild vun engem razege Geiist gepost. Hannert him si weider Männer ze gesinn, déi wéi Gefaangener ausgesinn. "E Meedchen huet sech ëmgedréint an huet geflüstert: 'Deng Musek ass dat Lescht, wat ech héieren; merci!", steet weider an der Bildbeschreiwung. De Geiist "Hank" hätt den Holocaust iwwerlieft, awer ni méi Gei gespillt.

D'Bild gouf och an anere Sprooche wéi Bulgaresch, Englesch a Griichesch gedeelt.

D'Bild ass nëmmen eent vu villen, déi an engem Trend vu Content Creatore mat KI fir Geld produzéiert ginn an op emotional Reaktioune vu Mënschen aus dem Westen a Saachen Holocaust ofzilen. Beim Holocaust goufen iwwer 6 Millioune Jüddinnen a Judden ëmbruecht.

RTL

© AFP

Musek war zwar en integrale Bestanddeel vum Alldag a bal alle Konzentratiounslagere vun den Nationalsozialisten - Gefaangener goufe gezwongen, op Befeel ze sangen oder Instrumenter ze spillen -, d'Bild ass awer net echt a seng Geschicht erfonnt.

Visuell Onstëmmegkeeten

D'AFP huet eng Rëtsch visuell Onstëmmegkeeten am Bild fonnt, déi beleeën, dass et warscheinlech net authentesch ass. Sou huet d'Persoun hannert dem Geiist dräi Fangeren an de Geiist selwer schéngt quadratesch Fangerknéchele mat enger onverhältnesméisseger Gréisst ze hunn.

RTL

© AFP

Ausserdeem verschwënnt déi véiert Säit vun der Gei am ënneschten Deel vum Instrument.

RTL

© AFP

D'Ausgesi vum Geiist wierkt och widderspréchlech: Am Verglach zu de Männer am Hannergrond huet hie vollt Hoer, d'Käpp vun den anere si raséiert. Ausserdeem hänkt op enger Säit vu sengem Uewerkierper eng Fatz vun eppes, wat wéi en zerrappt Hiem ausgesäit.

RTL

© AFP

De 6. Juli 2025 huet d'Gedenkstätt Auschwitz op X e Screenshot vun engem vun de falsche Bäiträg mam Kommentar publizéiert: "D'Verëffentlechung vu gefälschten, KI-generéierte Biller vun Auschwitz ass net just eng geféierlech Verfälschung. Esou eng Fälschung mëssuecht d'Affer a blesséiert hiert Undenken."

Historesch Ongenauegkeeten

Eng weider historesch Onstëmmegkeet, op déi d'Gedenkstätt Auschwitz hiweist, ass, dass "am Männerlager e Männerorchester gespillt huet - d'Geschicht vum Meedchen, dat laanscht de Männerorchester geet, ass immens onwarscheinlech". Auschwitz war fir d'éischt e Männerlager, Frae koume méi spéit dobäi a goufen an engem getrennte Beräich gefaange gehalen, erkläert de Musée Auschwitz-Birkenau op senger Internetsäit.

An engem Kommentar ënnert hirem Bäitrag huet d'Gedenkstätt bäigefüügt, dass d'Geschicht selwer warscheinlech erfonnt wär, well se historesch Feeler opweise géif wéi zum Beispill d'Tatsaach, dass Orchesteren zu Auschwitz net gespillt hunn, "ärend aner Gefaangener an d'Gaskummere bruecht goufen", wéi an de Bäiträg behaapt gëtt. "Hir Haaptaufgab bestoung doran, ze spillen, wa Kolonne vun Prisonéier op d'Aarbecht an zeréck an d'Lager marschéiert sinn", huet d'Gedenkstätt weider erkläert - eng Tatsaach, déi aner Expertinnen an Experten op AFP-Ufro confirméiert hunn.

D'Elise Petit, där hire Fuerschungsschwéierpunkt op der Kartéierung vu Klangraim bannent dem nationalsozialistesche Lagersystem läit, sot, d'Duerstellung vun engem Museker, dee Gefaangener op hirem Wee an d'Gaskummere mat senger Gei begleet, wär sachlech falsch. D'Orchesteren "hu bei der Paart gespillt, wann d'Gefaangener op d'Aarbecht an de Kommandoen an d'Lager eran an eraus marschéiert sinn", huet si den 21. Juli 2025 géintiwwer der AFP erkläert.

Wärend sech d'Fuerscher eens sinn, dass et an e puer Fäll Hiweiser dorop gëtt, dass Musek gespillt gouf, wärend Gefaangener um Wee an d'Gaskummere waren, ginn hir Meenungen doriwwer, ob dat wärend der Hiriichtung weidergoung, liicht auserneen.

D'Sybille Steinbacher vun der Universität Wien huet op AFP-Ufro den 23. Juli zouginn, dass d'Roll vu Prisonéierorchesteren an den nationalsozialistesche Konzentratiounslageren zwar nach net vollstänneg erfuerscht wär, et awer Fäll ginn hätt, an deene Musek och als Begleetmusek gedéngt huet, beispillsweis bei der Arrivée vu Prisonéiertransporter, Visitte vun héichrangegen NS-Fonctionnairen oder auslännesche Gäscht an heiansdo och bei Hiriichtungen. "Et gëtt bericht, dass d'Museker Operettemelodië spille mussten, wärend Leit an de Gaskummeren ermuert goufen", huet si geschriwwen.

Den Historiker Jacec Lachendro vum Musée Auschwitz-Birkenau huet den 23. Juli géintiwwer der AFP erkläert, dass et Berichter gëtt, deenen no de Männerorchester zu Birkenau Concerte ginn huet, wärend Judden, déi nei ukomm waren, an d'Gaskummere bruecht goufen oder wärend "Häftlingen op d'Plaz vun hirer Hiriichtung duerch Erhänken oder Erschéisse bruecht goufen (awer net wärend der Hiriichtung selwer)". Hien huet allerdéngs betount, dass d'Museker an esou Situatiounen "an der Reegel" net gespillt hunn, mee dass dat "sporadesch an zoufälleg" virkoum. "D'Transporter koume schliisslech zu verschiddenen Dageszäiten un, wann d'Lagerkapell geprouft oder hir Sonndesconcerte gespillt huet", huet hien ugemierkt.

Doriwwer eraus huet den Steinbacher op weider historesch Ongenauegkeeten am gedeelte Bild higewisen, beispillsweis den Hannergrond an d'Kleedung vun den duergestallte Gefaangenen. "Den Hannergrond kann net identifizéiert ginn, awer et handelt sech net ëm Birkenau", huet si wësse gedoen. "D'Kleedung an déi däitlech razeg Prisonéier verstäerke meng Zweiwel un der Echtheet vum Bild. Ausserdeem mussten d'Häftlingen ugedoe sinn; et gouf keng Appeller mat plakegem Uewerkierper", huet si bäigefüügt.

"Déi meescht Prisonéier zu Auschwitz hunn hir gesträift Uniformen (déi hei net ze gesi sinn), si hate keng Rimmer an hir Lagernummere waren och op hir Boxe gebutt", huet de Pawel Sawicki, stellvertriedende Spriecher vun der Gedenktstätt Auschwitz, op AFP-Ufro de 24. Juli 2025 erkläert. "Et kann een och d'Hoer vum 'Hank' gesinn - Prisonéier kruten hir Hoer allerdéngs raséiert. Ab 1943 wären de Gefaangener hir Häftlingsnummeren tätowéiert ginn - "besonnesch jüddeschen Häftlingen, déi schonn zënter dem Fréijoer 1942 tätowéiert goufen".

D'AFP huet d'Internetarchiv vum Arolsen-Archiv , dem internationalen Zenter iwwer NS-Verfollgung mat engem Archiv iwwer d'Affer an d'Iwwerliewend vum Nationalsozialismus mat Sëtz zu Bad Arolsen, nom Numm "Klara Milkovits" duerchsicht. Dëse gouf an de griicheschsproochege Bäiträg mam Bild ernimmt. Dobäi huet d'AFP d'Filteren "Auschwitz" a "Birkenau" ënner dem Mierkmol "Haftort" benotzt. Dëse Filter huet zu enger Persoun geféiert, déi 1932 gebuer gouf an 1943, wéi dat Bild angeeblech geschoss gouf, eelef Joer al gewiescht wär amplaz 16 wéi an de gedeelte Bäiträg behaapt.

Resultater vu KI-Erkennungstool

D'AFP huet d'Bild zousätzlech mat GetReal Labs analyséiert. Dobäi handelt et sech ëm eng Entreprise fir Cybersécherheet, déi forensesch Analysen asetzt, fir syntheetesch Contenuen ze erkennen. D'Analys vu GetReal Labs huet confirméiert, dass d'Bild syntheetesch ass.

RTL

© AFP

Zousätzlech huet d'AFP d'Bild mam KI-Erkennungstool Hive Moderation analyséiert, dee bei enger Zouverlässegkeet vun 99,9 Prozent festgestallt huet, dass d'Bild mat grousser Warscheinlechkeet mat KI hiergestallt gouf oder Deepfake-Contenuen dra sinn.

RTL

© AFP

D'AFP huet e Facebook-Video vum 5. Juli 2025 mam selwechte Geiist wéi op dem gefälschte Bild fonnt. An deem Video spillt hien zu enger Hannergrondmusek, déi wéi Geiemusek kléngt.

Mathëllef vu Standbiller vum Video an dem Vergréisserungstool vun InVid, engem Geschier fir d'Analys vu Biller a Videoen, huet d'AFP e puer Onstëmmegkeete festgestallt. De Museker gesäit blann aus - dat kéint zwar authentesch sinn, d'Gesiichter am Hannergrond erënneren awer un Zombien oder schénge Sonnebrëller ze droen, wat op eng Fälschung hindeit.

RTL

© AFP

D'Persoun lénks vum Museker gesäit aus, wéi wa se kee Broschtbeen hätt, an hir Rëpper si bis bei de Boxekueder ze gesinn.

RTL

© AFP

Zousätzlech huet d'AFP den Toun vum Video mat Deepfake Total analyséiert, engem Tool, deen Audio-Deepfakes erkennt. Mat enger Bewäertung vu 74 Prozent ass et dem Tool no immens warscheinlech, dass d'Musek KI-generéiert ass.

RTL

© AFP

Mathëllef vum Bildgeneréierungstool vun ChatGPT huet d'AFP mat engem detailléierte Prompt, baséierend op dem online gedeelte Bild, weider Duerstellungen erstallt, déi dem ierféierende Bild änelen.

RTL

© AFP

Déi éischt Konzentratiounslageren, déi 1933 kuerz nom Adolf Hilter senger Ernennung zum Reichskanzler ageriicht goufen, haten an éischter Linn der Inhaftéierung vu politesche Géigner vun der nationalsozialistescher Politik gedéngt. Bis Enn 1942 ware sechs Vernichtungslageren a Betrib, dorënner Auschwitz-Birkenau. Op der Wannsee-Konferenz gouf 1942 schliisslech d'Vernichtung vu Jüddinnen a Judden an de besaten europäesche Gebidder decidéiert.

Zu Auschwitz-Birkenau, dem gréisste Vernichtungslager, goufen tëscht 1940 an 1945 ongeféier 1,1 Millioune Mënschen systematesch doutgemaach - vun insgesamt 1,3 Millioune Mënschen, déi dohin deportéiert goufen. Ongeféier eng Millioun vun den Doudege ware Jüddinnen a Judden, ënner den iwweregen Affer waren och Roma, russesch Krichsgefaangener a Polinnen a Polen.

D'AFP huet nach weider Falschinformatiounen iwwer den Holocaust widderluecht, dorënner och KI-generéiert Biller.

Fazit: E Bild vun engem angeebleche Geiist am nationalsozialistesche Konzentratiounslager Auschwitz-Birkenau gouf mat KI hiergestallt. Dat weise visuell Onstëmmegkeete souwéi historesch Feeler. KI-Erkennungstools hu confirméiert, dass et héchstwarscheinlech mat Kënschtlecher Intelligenz erstallt gouf. Och d'angeeblech Geschicht vum Bild ass erfonnt, well och do eenzel historesch Widderspréch dra sinn.

Dëse Faktencheck gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.