Falsch Duerstellung vu Social-Media-Analys a Polen no Dronenattack

Den 9. September 2025 huet Polen eegenen Angaben no russesch Dronen a sengem Loftraum ofgeschoss. An dësem Zesummenhang ass a Sozialen Netzwierker eng Grafik am Ëmlaf, déi angeeblech weist, dass e Groussdeel vun de Polinnen a Polen d'Ukrain fir de Virfall verantwortlech maachen, net Russland.
Déi ursprénglech Grafik stellt awer keng representativ Meenungsëmfro duer, mee analyséiert just Internet-Kommentarer iwwer d'Dronenattack, wéi d'Stëftung, d'Autorin vun der Grafik, kloergestallt huet.
"D'Pole ginn haaptsächlech der Ukrain d'Schold um Dronevirfall", huet en Notzer den 10. September 2025 op Facebook geschriwwen. Dësem Bäitrag no goufen 38 Prozent vun de Polinnen a Polen der Ukrain d'Schold un dem Dronevirfall an der Nuecht vum 9. September 2025, just 34 Prozent hu Russland verantwortlech gemaach. Dat géif eng "Analys vun der Publikatioun Res Futura" iwwer "d'Verantwortung fir d'Andrénge vun Dronen op polnescht Gebitt" weisen, housch et.
Och an anere Facebook-Bäiträg gouf d'Behaaptung gedeelt. Op Threads, X an Telegram huet d'Ausso och d'Ronn gemaach. Ausserdeem hu Userinnen a User en Diagramm gedeelt. De polneschen Text an der Grafik bedeit: "Verantwortung fir d'Dronenattack - prozentual Verdeelung fir a Kommentarer (9.-10. September 2025). Ukrain - 38 %; Russland 34 %; polnesch Regierung - 15 %; Medien - 8 %; NATO an de Westen - 5%".

© AFP
D'Grafik mat der selwechter Behaaptung huet sech och op Ungaresch, Franséisch, Bulgaresch, Griichesch a Spuenesch verbreet. An de meeschte Bäiträg war entweeder den Diagramm selwer oder deem säi Contenu an Textform dran. Eng vun de fréiste Versioune vun der Behaaptung, d'Grafik abegraff, war en Telegram-Post op Russesch, deen den 10. September 2025 verëffentlecht gouf. De Bäitrag gouf iwwer 430.000 Mol opgeruff.

© AFP
AFP-Recherchen ergoufen awer, dass d'Grafik, déi aktuell a Sozialen Netzwierker gedeelt gëtt, ierféierend duergestallt gëtt. Res Futura, d'polnesch Fuerschungsstëftung, déi de Rapport erstallt hat, huet confirméiert, dass d'Donnéeën aus enger Analys vu publizéierte Kommentarer a Sozialen Netzwierker stamen, an "ni als representativ Ëmfro iwwer d'ëffentlech Meenung a Polen geduecht waren".
Russesch Dronen iwwer Polen Ufank September 2025
Polen huet seng NATO-Alliéiert fir dréngend Gespréicher zesummegeruff, nodeem et bekannt ginn hat, dass russesch Dronen an der Nuecht op den 10. September 2025 bei enger Attack op d'Ukrain an de polnesche Loftraum agedronge wären. De polnesche Loftraum wär 19 Mol verletzt ginn, op d'mannst dräi Drone wären ofgeschoss ginn, nodeem Warschau a seng Alliéiert Kampffligeren an d'Loft geschéckt haten. Polen an d'NATO-Alliéiert wéi Däitschland hunn de Virfall als geziilt Provokatioun géint déi gesamt westlech Militärallianz verurteelt.

© AFP
D'Drone waren dräi an en halleft Joer nom Ufank vun der russescher Invasioun an d'Ukrain op polnescht Gebitt agedrongen. Polen huet de Virfall als e "beispilllosen" Ugrëff op d'Land, d'NATO an Europäesch Unioun bezeechent. Moskau huet bestridden, d'Land an d'Viséier geholl ze hunn.
Polen, e wichtegen Ënnerstëtzer vun der Ukrain, huet méi wéi eng Millioun ukrainesch Flüchtlingen opgeholl an ass en zentraalt Transitland fir westlech humanitär a militäresch Hëllef un d'Ukrain. Russesch Medien haten direkt ugefaangen, ënnerschiddlech Narrativer iwwer den Dronevirfall ze verbreeden, dorënner Konspiratiounserzielungen, Polen oder d'Ukrain hätten d'Attack inzenéiert.
Originaldonnéeë stame vu polnescher Organisatioun
D'AFP huet den Originalbericht vu Res Futura, enger polnescher Organisatioun, "déi sech der Fuerschung, Analys a Berodung an de Beräicher Informatiounssécherheet an digitalen Dateschutz" verschriwwen huet (hei archivéiert). D'Prozentsätz, déi an den ierféierende Bäiträg zitéiert ginn, stamen aus engem Bloggbäitrag vu Res Futura vum 10. September 2025 mam Titel "Spezialrapport".
De Rapport stellt fest, dass "de russeschen Dronenugrëff op polnescht Gebitt direkt als Katalysator fir eng organiséiert Informatiouns- a psychologesch (PSYOPS-)Campagne genotzt gouf". Weider heescht et, dass "d'Inhaltsanalys vu polnesche Bäiträg a Sozialen Netzwierker eng héich Dicht un erëmkommenden Narrativer weist, déi fir koordinéiert Aktiounen typesch sinn, net ausschliisslech fir spontan Reaktioune vu Biergerinnen a Bierger".
En erëmkommenden Narrativ, dee Res Futura a senger Analys vun 179.000 Bäiträg op Facebook, X, YouTube an Instagram identifizéiert huet, war, dass d'Dronen als "Provokatioun vun der Ukrain" gestart gi wären. Dësen Narrativ daucht an 38 Prozent vun den analyséierte Contenuen op. Ierféierend Bäiträg verzerren dat, andeem se behaapten, dass 38 Prozent vun de Polinnen a Polen d'Ukrain fir de Virfall "verantwortlech maache" géifen.
De Rapport weist ausserdeem dorop hin, dass dës Narrativer iwwer den Dronevirfall warscheinlech Deel vun engem Versuch sinn, "Polen an d'Ukrain ze splécken" a "Verwirrung a Polariséierung ze produzéieren".
Analys gouf ierféierend interpretéiert
Res Futura huet den 12. September 2025 an enger E-Mail un d'AFP confirméiert, dass "de Rapport, op deen Dir Iech bezitt, keng representativ Ëmfro iwwer déi ëffentlech Meenung a Polen ass an nimools dofir geduecht war". Si hunn ausserdeem bäigefüügt, dass "Res Futura keng Meenungsëmfroen duerchféiert".
An engem Rapport de suivi, deen den 11. September 2025 publizéiert gouf, huet Res Futura festgestallt, dass 41 Prozent vun den analyséierte Kommentarer a Sozialen Netzwierker nom Dronevirfall Russland fir d'Attacke verantwortlech gemaach hunn, wärend 24 Prozent d'Responsabilitéit bei der Ukrain gesinn. D'Organisatioun huet géintiwwer der AFP erkläert, dass et sech heibäi ëm eng onofhängeg Etude de suivi gehandelt hätt, déi an engem spéideren Zäitraum duerchgeféiert gi wär. "An eiser Aarbecht iwwerwaache mir reegelméisseg d'Dynamik vun Online-Diskussiounen, firwat mir Updaten an nei Rapporte verëffentlechen, déi Verännerungen am Informatiounsëmfeld erëmspigelen, dat mir ënnersichen", sot e Spriecher.
Polnesch Meenungsëmfro huet anert Resultat geliwwert
Enger representativer Ëmfro vun der polnescher Fuerschungsagence Ibris aus dem Juni 2025 no fannen e bësse méi wéi d'Hallschent vun de Polinnen a Polen (52 Prozent), dass hiert Land d'Ukrain no der Invasioun duerch Russland ënnerstëtze sollt, wärend e bësse méi wéi een Drëttel (35 Prozent) d'Fortsetzung vu wirtschaftlecher Hëllef guttheescht (hei archivéiert).
D'Ëmfro ergouf, dass d'Majoritéit vun de Polinnen a Polen der Meenung sinn, d'Ukrain sollt Friddensverhandlungen ophuelen, awer just ënner Garantië vun der NATO. Anerersäits goufe just 37 Prozent un, si géifen de Bäitrëtt vun der Ukrain an d'NATO ënnerstëtzen. 35 Prozent soten, si géifen de Bäitrëtt vum Land an d'EU guttheeschen.
Laut dem Eurobarometer vum Fréijoer 2025 vun der EU-Kommissioun ënnerstëtzen déi meescht EU-Biergerinnen a -Bierger weiderhin d'Ukrain an d'Sanktioune géint Russland.
All d'Faktenchecken iwwer de Krich an der Ukrain sammelt d'AFP op hirer Internetsäit.
Fazit: Am Internet kurséiert eng Grafik, där no d'Polinnen an d'Polen haaptsächlech d'Ukrain fir d'russesch Dronen am polnesche Loftraum Ufank September 2025 verantwortlech maachen. Tatsächlech gouf d'Grafik vun enger polnescher Fuerschungsstëftung ierféierend duergestallt. Der Stëftung no weist d'Grafik just eng Analys vu Kommentarer a Sozialen Netzwierker a kann net als Meenungsëmfro interpretéiert ginn.
Dëse Faktencheck gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.
