Déi Gréng - Iechternach
Duebelspëtzt mam Christophe Origer a Carole Zeimetz

© Déi gréng Iechternach
Déi Gréng Iechternoach gi mat 6 Fraen a 5 Männer an d'Gemengewalen 2023. Den Altersduerchschnëtt läit bei 45 Joer.
Spëtzekandidatin ass d'Conseillère Carole Zeimetz a Spëtzekandidat de Conseiller Christophe Origer. Hien huet an de leschte Méint keng onwichteg Roll an der Iechternacher Politik gespillt.
Den 29 Joer alen Affekot war bis d'lescht Joer fir d'CSV am Gemengerot. Uganks November ass bekannt ginn, datt hie vun deene Chrëschtlech-Sozialen eriwwer bei déi Gréng wiesselt. Doduerch huet d'CSV-LSAP Koalitioun hir Majoritéit am Conseil verluer.
Hei déi komplett Lëscht
- Carole Zeimetz, 48
- Christophe Origer, 29
- Marie-Christine Basting, 36
- Steve Bermes, 32
- Christiane Dieschbourg, 71
- Christina Fogens, 63
- Roby Grotz, 64
- Daniel Jones, 26
- Caroline Ludwig, 59
- Ricardo Pacheco, 28
- Stéphanie Weidenaar, 48
Am meeschte gelies