De Georges Keipes ass Spëtzekandidat op der "Biergerlëst"

Zwou Fraen an néng Männer stinn op der "Biergerlëst", wéi se zu Clierf soen. D'Leit sinn tëscht 21 an 58 Joer al.
Zu Clierf huet mat der "Biergerlëscht" eng éischt politesch Formatioun hir Lëscht fir d'Gemengewale presentéiert. Spëtzekandidat ass den aktuellen Schäffen a Jurist Georges Keipes.
D'11 Kandidaten sinn tëscht 21 an 58 Joer al mat néng Männer an zwou Fraen.
Op der Biergerlëscht figuréiert och d'LSAP Vize-Presidentin Tina Koch, well d'Sozialisten zu Clierf keng eegestänneg Lëscht zesummekréien.
En onerwaarte politeschen Changement hat et zejoert am Clierfer Conseil ginn, nodeems den CSV-Schäffen Théo Blasen no internen Differenzen aus senger Partei ausgetrueden ass, fir als onofhängege Conseiller am Gemengerot ze bleiwen. Doropshin huet den Député-Maire Emile Eicher sech de Georges Keipes vun der "Biergerlëscht" als Schäffen un d'Säit geholl, sou datt et souzesoe kuerz virun de Walen nach zu enger neier Koalitioun komm war. Virun deem Wiessel hat d'CSV nëmmen eng knapp Majoritéit mat 6 zu 5 Sëtz. D'Biergerlëscht war just mat engem Politiker (G. Keipes) an de Conseil gewielt ginn.
Hei de kompletten Iwwerbléck
- Georges KEIPES, 35
- Jaime AREND, 21
- Carlos FONSECA, 35
- Georges GLOD, 38
- Tina KOCH, 45
- Gérard LAMESCH, 58
- Patrick REIFF, 48
- Andy STEFFEN, 41
- Pierre TURPEL, 48
- Frédéric REISER, 54
- Patricia VENÂNCIO, 26