CSV - Conter
CSV huet als éischt Partei an där Zentrums-Proporzgemeng hir Lëscht affichéiert

Déi 11 Kandidaten triede mat der Buergermeeschtesch Marion Zovilé-Braquet un der Spëtzt un, fir sech dem Wieler am Juni ze stellen.
Och op der CSV-Lëscht vertruede sinn den zweete Schäffen Tom Jungblut, de fréiere Buergermeeschter a Conseiller Jim Schmitz an d'Conseillere Jean-Pierre Di Genova an Yves Loose.
D'CSV forméiert zu Conter eng Koalitioun mat der LSAP, déi bei de leschte Walen 2 Sëtz kruten, a bis ewell hir Lëscht nach net presentéiert hunn.
Op der Conter CSV-Lëscht si 7 Männer a 4 Fraen.
Hei déi komplett Lëscht
- Marion Zovilé-Braquet, 62
- Nathalie Coutelier ép. Schlesser, 55
- Jean-Pierre Di Genova, 64
- Marc Entringer, 50
- Tom Jungblut, 31
- Jasmine Kabran, 30
- Yves Loose, 42
- Noé Rodrigues, 31
- Marco Schmit, 71
- Jim Schmitz, 74
- Liss Schumacher, 35
Am meeschte gelies