De Walbüro zu Heeschdref an der Schoul ass gutt besicht. Zu der Gemeng Steesel gehéieren d'Dierfer Heeschdref, Mëlleref a Steesel. Déi 3.269 ageschriwwe Wieler kënnen tëscht de Lëschte vun de Parteien LSAP, CSV, DP an Déi Gréng wielen. 11 Sëtz sinn ze verginn.

34 Joer laang stoung de LSAP-Politiker Jempy Klein un der Spëtzt vun der Steeseler Gemeng. Enn 2021 ass hien aus gesondheetleche Grënn zeréckgetrueden.