Nieft deene Gréngen hunn bei de Lëschtestëmmen och déi Lénk an d'KPL verluer. Gewënner sinn d'LSAP, d'DP, d'CSV an d'Piraten.

Déi Gréng loossen zu Déifferdeng zolidd Fiederen. Dat ass op jidder Fall Stand, nodeems d’Lëschtestëmmen an alle Büroen ausgezielt sinn. Déi eenzel Käpp sinn allerdéngs nach net ofschléissend gezielt.

Deemno kommen déi Gréng elo op 17.309 Lëschtestëmmen, déi leschte Kéier hate se der nach 40.850. D’LSAP huet den Déifferdenger Auszielungen no déi meeschte Lëschtestëmme kritt, mat 29.906 Stëmmen. Si louchen 2017 mat 15.732 op der drëtter Plaz.

D’CSV huet och Lëschtestëmme bäikritt. Si kënnt op 27.816 an hat der 2017 18 .563. D’DP huet sech och verbessert, vun 11.761 op 17.746 Lëschtestëmmen.

Déi Lénk hu Stëmme verluer a kommen op 4.066 Lëschtestëmmen. D’KPL huet och Stëmme verluer a kënnt op en Total vun 4.560. D’Piraten kommen aus dem Stand op 11.989 Lëschtestëmmen, déi Konservativ op 2.584.

Dës Zuelen huet d'Gemeng Déifferdeng matgedeelt. Well nach kee Büro komplett ausgezielt ass, ginn dës Tëscheresultater net op den offizielle Säiten ugewisen.