Déi dräi Büroen zu Useldeng sinn ausgezielt. Déi meeschte Stëmmen (637) sinn un den aktuelle Buergermeeschter Léon (Pollo) Bodem gaangen. Hannendru kënnt de Schäffen Christian Frank mat 573 Stëmmen. De Gemengeconseiller Raoul Schaaf kënnt mat 556 Stëmmen op déi drëtte Plaz.