Et wier ee sech bewosst gewiescht, datt ee Lëschte-Stëmme géing verléieren, mä et sinn der méi wéi ee sech "erhofft" hätt, sou de Georges Liesch.

De fréiere Schäffen huet déi Ausso gemaach, wéi – wéi hie sot - 50% vun de Stëmmen ausgezielt waren. Fir eng Analys géif een nach ofwaarden.

Reaktioun Georges Liesch op Tëschestand vu Lëschte-Stëmmen

Zu Déifferdeng gëtt et jo aktuell eng gréng-schwaarz Koalitioun. D’Buergermeeschtesch geet awer net méi mat an Déi Gréng riskéieren ze verléieren, wat sech aktuell och undeit.