Op Plaz zwee kënnt den aktuelle Buergermeeschter Henri Gerekens, virum Danielle Arendt ép. Simon.

7 Männer a 4 Frae sinn am neie Gemengerot.

Den Detail fannt Dir hei.

Dräi Biergerlëschte waren zu Réiden ugetrueden an et koum am Virfeld zu zimmlech Diskussiounen, nodeems d'Lëscht "Réiden 23" de Wope vun der Gemeng Réiden am Walkampf benotzt hat... eppes war een awer net däerf. Just d'Gemeng däerf de Wopen notzen.

Och ëm d'Persoun Tom Faber gouf et vill Diskussiounen am Gemengerot. Hien hat sech aus dem Schäfferot ausgegrenzt gefillt. Den Henri Gerekens hat dorop gekontert, dass en einfach méi dacks hätt sollen an d'Sëtzunge kommen.

Elo ass den Tom Faber Beschgewielten zu Réiden... deemno dierft et hei och an Zukunft animéiert Diskussioune ginn.