Mat geklauten Autoen a Butteker gerannt10 Leit wéinst gewaltsamen Iwwerfäll an Abréch op Teneriffa festgeholl

RTL Lëtzebuerg
Op Teneriffa hunn d'Autoritéiten eng Band festgeholl, déi fir eng Rei Iwwerfäll an Abréch mat Gewalt solle responsabel sinn. Ënnert anerem si si mat geklaute Gefierer an d'Gebaier gerannt, fir eranzekommen.
10 Leit wéinst gewaltsamen Iwwerfäll an Abréch op Teneriffa festgeholl
Ënnert anerem ass d'Band mat geklauten Autoen a Butteker a Privathaiser gerannt, fir eranzekommen.

Op Teneriffa huet d'Guardia Civil 10 Leit festgeholl, deene reprochéiert gëtt, Membere vun enger krimineller Band ze sinn, déi sech op gewaltsam Iwwerfäll a sougenannt "Ram-Raid"-Attacken op der ganzer Insel konzentréiert. "Ram-Raid"-Attacke sinn Iwwerfäll op Butteker, Bijouterien a Wunnhaiser, bei deenen d'Täter mat engem Auto an d'Gebaier rennen, fir eranzekommen. Déi Verdächteg tëscht 18 a 25 Joer solle bei den Doten iwwer 20 geklaut Locatiounsautoe benotzt hunn, woubäi si mat de Gefierer eben dacks a Butteker rennen.

Den Ermëttler no war d'Band virun allem an de fréie Moiesstonnen aktiv. Fir net identifizéiert kënnen ze ginn, hu si ëmmer nees d'Masken an d'Kleeder gewiesselt a gefälscht Plackennummere benotzt.

Der Band gi sëllegen Delikter reprochéiert, dorënner Abréch an Apdikten, Caféen, Restauranten an Tankstellen, déi si gerammt hunn, souwéi gewaltsam Iwwerfäll op Bijouterien a Privathaiser, woubäi si Macheeten, grouss Messeren a Baseballschléier benotzt hunn. Donieft sollen déi Verdächteg och u grouss ugeluechten Déifställ vu Gefierer bei Autoslocateuren an Oflenkungsdéifställ a Butteker bedeelegt gewiescht sinn.

D'Autoritéite schätzen, datt de Schued vun den Iwwerfäll sech op ëm 60.000 Euro beleeft, wärend de Wäert vun de geklaute Bijouen op ronn 38.600 Euro geschat gëtt. De Wäert vun den anere Wueren, déi geklaut goufen, läit ëm 30.000 Euro.

Am Ganzen hunn d'Ermëttler d'Band mat op d'mannst 35 Strofdoten a Relatioun bruecht, déi an enger Dose Gemengen op der Insel geschitt sinn, dorënner Adeje, Arona, Santa Cruz de Tenerife a San Cristóbal de La Laguna. Deementspriechend lafen dräi Ermëttlunge gläichzäiteg, bei deene geklaut Gefierer, Abrochsgeschirr, Macheeten, Verkleedungen, gefälschte Plackennummeren an en Deel vun de Bijoue séchergestallt goufen.

Fir dräi vun den Haaptverdächtege kann op Uerder vum Geriicht keng Kautioun bezuelt ginn, fir aus der Untersuchungshaft erauszekommen.

Back to Top
CIM LOGO