Tëscht China a koreanescher HallefinselNordkorea schéisst ballistesch Rakéit an d'Gielt Mier

AFP, iwwersat vun RTL
No enger Rei Rakéitentester an de leschte Méint huet Nordkorea der südkoreanescher Arméi no ënnert anerem eng ballistesch Kuerzstreckerakéit an dat Gielt Mier geschoss.
Nach mehreren Raketentests in den vergangenen Monaten hat Nordkorea laut der südkoreanischen Armee unter anderem eine ballistische Kurzstreckenrakete ins Gelbe Meer abgefeuert. Insgesamt seien "mehrere Geschosse" gestartet worden.
Südkorea mellt ëmmer nees Rakéiteversich vum Nopeschland.
© AFP

Am Ganze wieren "e puer Rakéite" géint 13 Auer Lokalzäit vum nordkoreanesche Chongju aus gestart, heescht et en Dënschdeg. Si wieren eng 80 Kilometer wäit geflunn an am Giele Mier erofgaangen, dat déi koreanesch Hallefinsel vu China trennt.

Als Konsequenz huet déi südkoreanesch Arméi eegenen Informatiounen no d'Alarmbereetschaft eropgesat. Südkorea, d'USA a Japan tauschen ëmmer nees Geheimdéngschtinformatiounen zu de Virfäll aus.

E Spriecher vum südkoreaneschen Ausseministère huet den Norden en Dënschdeg opgefuerdert, op d'Beméiunge vu Seoul, fir d'Spannungen néierzeleeën, ze reagéieren. De Süde géing weider op eng "Léisung vum nordkoreaneschen Atomproblem" hischaffen.

De Rakéitentest aus Nordkorea war den 8. fir dëst Joer. Am Abrëll hat dat kommunistescht Land eegenen Informatiounen no bei Tester och Streemunitioun agesat. Dat kommunistesch regéiert Land ass international gréisstendeels isoléiert. Wéinst sengem Rakéiten- an Atomprogramm goufe sëllegen international Sanktioune géint Nordkorea verhaangen.

Experten no weist Nordkorea mat de Waffentester Versich vu Südkorea zréck, fir déi ugespaant Relatiounen tëscht den Nopeschlänner ze verbesseren. Am Mäerz hat de Staatschef Kim Jong Un Südkorea als "den eis am meeschte feindlech gesënnte Staat" bezeechent. Nord- a Südkorea sinn nom Enn vum Korea-Krich am Joer 1953 formell weiderhin am Krichszoustand.

China gëllt an der Regioun als wichtegsten Alliéierte vun Nordkorea. Déi südkoreanesch Noriichtenagence Yonhap hat d'lescht Woch ënner Recours op Regierungskreesser gemellt, datt fir dës Woch eng Visitt vum chineesesche President Xi Jinping an Nordkroea geplangt wier. Eng offiziell Confirmatioun aus Peking oder Pjöngjang dofir gouf et bis ewell net.

Back to Top
CIM LOGO