
"KI ze desarméieren heescht, se der Logik vun der arméierter Competitioun ze entzéien", heescht et am e Méindeg publizéierte Léierschreiwes "Magnifica Humanitas". Wou d'Enzyklika am Vatikan presentéiert gouf, war nieft anere KI-Experten och de Matbegrënner vun der US-Entreprise Anthropic, de Christopher Olah, un der Säit vum Poopst.
De Leo XIV. kritiséiert an der 130 Säite laanger Schrëft "eng Course ëm de performantsten Algorithmus an déi gréissten Datebank", fir ee "geopoliteschen oder kommerzielle Virsprong" ze kréien. "Desarméieren heescht net, op d'Technologie ze verzichten, ma ze verhënneren, datt se d'Mënsche beherrscht", esou de Poopst. KI sollt "mënschefrëndlech", fir all zougänglech an oppe fir Diskussiounen an Debatte sinn.
De Poopst weist a senger Enzyklika, wéi vill Bedeitung hien der KI zouschreift, an zitéiert a senger Schrëft nieft dem griichesche Philosoph Plato ënnert anerem och d'Figur Gandalf aus dem JRR Tolkien senger Bicherserie "Der Herr der Ringe".
De Poopst Leo huet och virun engen "neier Form vun der Sklaverei" duerch d'KI an den digitale Wandel gewarnt. Méi Effizienz an Innovatioun wiere keng Rechtfäerdegung fir eng "Kette vun der Ausbeutung, déi express verstoppt gehale gëtt". Et misst och méi gemaach ginn, fir d'Ëmweltschied duerch KI kleng ze halen an "eist gemeinsaamt Haus ze schützen", esou de Poopst. An enger Rei Regiounen uechter d'Welt géife Kanner a Jugendlecher ënner geféierleche Conditioune schaffen, fir seelen Äerden un d'Äerduewerfläch ze kréien. "Gezeechent, verstümmelt a midd Kierper, fir de Rechefloss net ze ënnerbriechen", esou de Poopst. Hien huet an deem Zesummenhang dann och ëm Entschëllegung gebieden, datt d'kathoulesch Kierch Joerhonnertelaang gezéckt hätt, d'Sklaverei ze verurteelen.
