
An der Suite vun der aktueller Hëtztwell iwwer Europa sinn a Frankräich bis ewell siwe Leit ëm d'Liewe komm, heescht et vun der Regierung. Zwee Leit wieren deemno beim Sport gestuerwen, fënnef weiderer sinn erdronk, esou d'Regierungsspriecherin Maud Bregeon en Dënschdeg beim TF1.
D'Doudesfäll stéingen "direkt oder indirekt" a Relatioun mat den aussergewéinlech héijen Temperaturen.
E Méindeg gouf et a Frankräich de bis well wäermste Mee-Dag zanter dem Ufank vun den Opzeechnungen. Fir en Dënschdeg ginn nach méi héich Temperature vu bis zu 36 Grad erwaart. Fir aacht Departementer am Weste vum Land gëllt d'Warnstuf Orange - déi éischte Kéier iwwerhaapt an engem Mount Mee. D'Hëtztwell soll bis Enn der Woch daueren.
Och zu Lëtzebuerg gi sech hëtzeg Temperaturen dës Woch erwaart:
An eisem Artikel vun zejoert gi mir Iech e puer Tipps, wéi Dir am beschten duerch d'Hëtzt kommt: