Wéinst arméierten Iwwerfäll13 Joer Prisong fir fréier presuméiert RAF-Terroristin Daniela Klette

AFP, iwwersat vun RTL
Déi fréier presuméiert RAF-Terroristin Daniela Klette gouf wéinst arméierten Iwwerfäll zu 13 Joer Prisong verurteelt.
Wegen bewaffneter Raubüberfälle ist die mutmaßliche frühere RAF-Terroristin Daniela Klette zu 13 Jahren Haft verurteilt worden. Das Landgericht Verden sprach sie unter anderem wegen besonders schweren Raubs in sechs Fällen schuldig.
Déi fréier presuméiert RAF-Terroristin viru Geriicht.
© POOL/AFP

D'Landgeriicht zu Verden an Niedersachsen huet déi fréier presuméiert RAF-Terroristin Daniela Klette e Mëttwoch ënnert anerem wéinst gravem Vol a sechs Fäll schëlleg gesprach. Déi 67 Joer al Klette stoung wéinst Iwwerfäll tëscht 1999 an 2016, also no der Opléisung vun der terroristescher Vereenegung "Rote Armee Fraktion" (RAF), viru Geriicht.

D'RAF ass responsabel fir Morden, Bommenattentater an Entféierungen an de 70er an 80er.

D'Klette soll dem Parquet no zesumme mat de flüchtege presuméierte fréieren RAF-Membere Burkhard Garweg an dem Ernst-Volker Staub begaangen hunn, fir hiert Liewen am Ënnergrond ze finanzéieren. Zil ware Geldtransporter a Keese vu grousse Supermarchéen.

Déi ganz Zomm louch der Uklo no bei 2,4 Milliounen Euro.

Schëlleg gesprach gouf si awer och wéinst "erpressereschem Mënschevol", "uerger Erpressung" souwéi "Verstéiss géint Waffegesetzer". Ënner de ronn 50 Spectateuren am Sall koum wärend der Annonce vum Urteelt Onrou op, woubäi "Fräiheet fir Daniela" geruff gouf.

Back to Top
CIM LOGO