
Bei israeeleschen Attacken op Ziler am Libanon sinn der Regierung zu Beirut no op d'mannst 31 Leit ëm d'Liewe komm, heescht et en Dënschdeg den Owend vum libaneesesche Gesondheetsministère. Ënnert den Affer wiere véier Kanner an dräi Fraen. Eng 40 Leit wieren iwwerdeem blesséiert ginn.
Deemno sinn zu Bursch al-Schamali bei Tyrus 14 Leit ëmkomm. Weider Doudeger gouf et bei Attacken zu Kautharijat al-Ris, zu Habbusch, zu Maarakeg an zu Salaa. E Reporter vun der Noriichtenagence AFP zu Nabatije am Süden huet vu Loftattacke geschwat an huet Dampwolleken op verschiddene Plazen an der Stad gesinn.
Den israeelesche Regierungschef Benjamin Netanjahu hat eng Verstäerkung vum militäresche Virgoe géint d'Hisbollah confirméiert, nodeems hien et virdru schonn als Zil uginn hat, d'Miliz ze "zerschloen". En Dënschdeg huet déi israeelesch Arméi och mat enger Buedemoffensiv nërdlech vun der sougenannter gieler Linn am Libanon ugefaangen. Domat bezeechent d'Arméi d'Ofgrenzung zu enger Aart Pufferzon am Süde vum Libanon, déi ronn zéng Kilometer hannert der Grenz läit. Bannent där Zon sinn israeelesch Truppe stationéiert, e Retour vun der Bevëlkerung, déi vun do geflücht ass, ass verbueden.
Déi israeelesch Arméi hat virun hiren neien Attacken d'Leit an op d'mannst 50 Uertschaften am Süden an Oste vum Land dozou opgeruff, sech a Sécherheet ze bréngen, dorënner Nabatije. Bis ewell hat déi israeelesch Arméi meeschtens zu Evakuéierunge fir Gebidder südlech vum Floss Litani am Libanon opgefuerdert. Nabatije läit dogéint nërdlech vum Floss. D'Stad war schonn an de leschte Wochen ëmmer nees Zil vun israeeleschen Attacken.
D'Hisbollah, déi vum Iran ënnerstëtzt gëtt, hat hirersäits an de leschten Deeg hir Dronenattacken op Israel ausgebreet. D'Schiitemiliz refuséiert d'Wafferou tëscht Israel an dem Libanon, déi eigentlech zanter Mëtt Abrëll gëllt.