Londoner Quartier "Golders Green"Brand a koscherem Supermarché "net verdächteg"

AFP, iwwersat vun RTL
An engem koschere Supermarché am Quartier "Golders Green" zu London ass e Mëttwoch e Feier ausgebrach.
In einem koscheren Supermarkt im Londoner Stadtteil Golders Green ist am Mittwoch Medienberichten zufolge ein Feuer ausgebrochen. Die Feuerwehr bestätigte einen Brand, die Brandursache war noch unklar.
D'Police huet d'Géigend ronderëm de Supermarché zu London ofgespaart.
© AFP

D'Pompjeeën hunn e Mëttwoch e Brand "an engem Buttek um Rez-de-chaussée an an engem Lagerraum hannert dem Buttek" confirméiert, ouni méi Detailer zu der betraffener Entreprise ze maachen. D'Brandursaach misst zwar nach ermëttelt ginn, allerdéngs wieren d'Ëmstänn "net verdächteg". Am jiddesch gepräägte Quartier war et an der Lescht ëmmer nees zu Attacke géint jiddesch Strukture komm.

"Eis op Bränn spezialiséiert Ermëttler hunn an Zesummenaarbecht mat der Police geschafft a kënnen zum aktuellen Zäitpunkt feststellen, datt d'Ëmstänn vum Feier net verdächteg schéngen", esou de Craig Carter vun de Pompjeeë viru Journalisten op der Plaz. Deemno wier och kee beim Brand blesséiert ginn. Och wann d'Brandursaach nach genee misst ermëttelt ginn, geet d'Police dovun aus, datt "en Elektreschproblem" d'Feier ausgeléist kéint hunn.

De Pompjeeën no ware ronn 100 Secouristen am Asaz. Ee Journalist vun der Noriichtenagence AFP huet eng schwaarz Dampwollek iwwer der Plaz gesinn, déi vun der Police ofgespaart war.

Brittesche Medien no war d'Feier am Supermarché "Kosher Kingdom" ausgebrach, deen op sengem Website als "de gréisste koschere Supermarché an Europa" bezeechent gëtt an eng Fläch vu ronn 7.000 Quadratmeter soll hunn. Deemno géingen all Woch méi wéi 9.500 Clienten do akafen.

An de leschte Méint gouf et zu London eng Rei vun Attacken op jiddesch an israeelesch Strukturen, an dee meeschte Fäll waren et Brandattentater oder versicht Branduschléi. Enn Abrëll ware bei enger Attack am Quartier "Golders Green" zwee Männer mat engem Messer blesséiert ginn. D'Anti-Terror-Police hat d'Ermëttlungen iwwerholl. Op der Plaz war e 45 Joer ale Mann festgeholl ginn. Der Organisatioun SITE Intelligence Group no huet sech dee wéineg bekannte pro-iranesche Grupp Harakat Ashab al-Yamin al Islamiya (Hayi) zu bal allen Attacke bekannt.

Back to Top
CIM LOGO