
No enger Woch goufe fënnef vermësst Goldgriewer, déi an enger iwwerschwemmter Hiel agespaart waren, lieweg fonnt. No zwee weidere Vermësste géing nach gesicht ginn, heescht et vum laotesche Rettungsgrupp Rescue Volunteer for People e Mëttwoch. Dem thailännesche Secourist Kengkach Bangkawong no geet et deene Vermëssten, déi fonnt goufen, gutt.
Op der Sich no Gold ware siwen Awunner vum Duerf e Mëttwoch an eng Hiel an der Provënz Xaysomboun am Laos erofgeklommen. Bei enger Sturzflut ass Waasser an d'Hiel gedrongen an huet de Wee zréck ofgeschnidden. Den Hielesystem ass déif ënner der Äeruewerfläch an huet sëllegen Niveauen an enk Ofschnëtter.
De finneschen Taucher Mikko Paasi, deen un der Rettungsaktioun bedeelegt ass, huet e Mëttwoch de Moie vun enger "Course géint d'Zäit" bei der Sich no de Vermësste geschwat. De Wee an d'Déifte vun der ënnerierdescher Hiel era wier voll mat Geforen an d'Zäit géing knapp ginn.
De Paasi gehéiert zu Tauchexperten, déi 2018 bei der dramatescher Rettungsaktioun fir eng Jugend-Futtballmannschaft aus der iwwerschwemmter Tham-Luang-Hiel an Nordthailand gehollef hat. Zwielef Spiller an hir Traineren souzen deemools zwouanenghallef Woch an der iwwerschwemmter Hiel fest, bis si schlussendlech an engem riskanten Asaz gerett konnte ginn.