Saudi-Arabien14 Leit bei Helikopterongléck ëm d'Liewe komm

RTL mat AFP
En Helikopter vun der Pëtrolsentreprise Aramco ass e Sonndeg a Saudi-Arabien erofgefall.
Den Haaptsëtz vun Aramco zu Riad a Saudi-Arabien.
Den Haaptsëtz vun Aramco zu Riad a Saudi-Arabien.
© FAYEZ NURELDINE/AFP

14 Leit sinn ëm d'Liewe komm, wéi en Helikopter vun der Pëtrolsfirma Aramco a Saudi-Arabien erofgefall ass. Den Accident war e Sonndeg zu Ras Tanura am Oste vum Land, esou d'Noriichtenagence SPA, déi sech op den Energieministère berifft. Bei den Doudegen handelt et sech deemno och ëm saudi-arabesch Staatsbierger. Eng Enquête, fir d'Ursaache vum Ongléck opzeklären, lafen.

Bis ewell gëtt et aus Riad awer keng Indicen op eng feindlech Attack als Ursaach fir d'Ongléck. Den Iran an d'USA hate jo en Donneschdeg nees ugefaangen, sech géigesäiteg unzegräifen. Wärend dem Iran-Krich waren jo och zivil Infrastrukturen a Saudi-Arabien, dorënner Pëtrol- a Gasanlagen, Zil vun den Attacke ginn.

Aramco bedreift eegenen Aussoen no iwwer 60 Loftgefierer, dorënner eben och Helikopter, déi iwwer 300 Plazen am Kinnekräich ufléien. Saudi-Arabien ass de gréissten Exportateur vu Pëtrol a fërdert eppes méi wéi zéng Millioune Barrel pro Dag.

Back to Top
CIM LOGO