
Den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu huet e Samschdeg seng Pläng, fir eng grouss Koalitioun op d'Been ze stellen, sollt hien déi nächst Legislativen am Land gewannen. Bei senger potentiell neier Regierung wëll hie sech awer esouwuel vun den extrem rietsen wéi och extrem lénkse Parteien distanzéieren.
"Ech plangen eng grouss nationale Regierung op d'Been ze stellen, keng Regierung vu riets a keng Regierung vu lénks, déi vun den arabesche Parteien ofhängeg ass",. esou den Netanjahu op enger Pressekonferenz, déi op der Tëlee iwwerdroe gouf. Dëst wier e signifikante Changement géintiwwer senger aktueller Regierungspolitik, wou hie mat de Parteie vu Riets an engem Boot sëtzt.