Rettungsaktioun geet just lues virunAutoritéite mellen antëscht 1.430 Doudeger no Äerdbiewen am Venezuela

RTL mat AFP
D'Zuel vun den Doudesaffer no den Äerdbiewen am Venezuela klëmmt an domadder och de Frust vun der Populatioun, déi sech vun den Autoritéiten am Stach gelooss fillt.
E Gebai zu La Gueira, wat zum gréissten Deel an de Koup gefall ass.
E Gebai zu La Gueira, wat zum gréissten Deel an de Koup gefall ass.
© MIGUEL MEDINA/AFP

No den uergen Äerdbiewen am Venezuela ass d'Zuel vun den Doudesaffer den Autoritéiten no eng weider Kéier geklommen a läit elo bei op d'mannst 1.430. Dat huet de Parlamentspresident Jorge Rodriguez e Samschdeg matgedeelt. D'Zuel vun de Leit, déi blesséiert goufen, ass dann och op 3.238 geklommen, esou de Brudder vun der Iwwergangspresidentin Delcy Rodriguez. D'UNO schätzt, datt eng 50.000 Leit vermësst ginn.

D'Duebel-Biewen hat e Mëttwoch den Owend am Ofstand vu just 39 Sekonnen zougeschloen an der westlech vun der Haaptstad Caracas. Déi zwee Äerdstéiss haten eng Stäerkt vun 7,2 respektiv 7,5. An de Stonnen dono gouf et nach Dosenden Nobiewen. Vill Gebaier sinn an de Koup gefall oder goufe beschiedegt.

"Mir brauchen Hëllef"

Vill Venezuelaner si rosen doriwwer, datt d'Hëllef just lues bei hinnen ukënnt. Bei enger Visitt vun engem Staddeel vu Caracas, dee besonnesch uerg getraff gouf, ass d'Presidentin Delcy Rodriguez ausgebut ginn. "D'Regierung mécht näischt fir d'Bierger", hunn Awunner geruff. Vill vun hinnen hu Frënn a Famill, déi nach ënnert den Iwwerreschter vun de Gebaier verschott sinn. "Géi Heem! Géi Heem", hu si der Rodriguez nogeruff.

D'Awunner vu Caracas an am Nopeschstaat La Guaira e bësse méi am Norden notzen aktuell hir Hänn an alles, wat si fanne kënnen, fir sech duerch d'Iwwerreschter vun de Gebaier ze kämpfen, fir esou Iwwerliewender an Doudeger ze biergen. Hëllef vun offizieller Säit ass op ville Plazen nach net ukomm.

Eng besonnesch schlëmm Situatioun gëtt et zu La Guaira, wou een nom néng Joer alen Dana gesicht huet, datt Stonne laang verschott war. D'Leit, déi no him gesicht a gegruewen hunn, hunn ëmmer nees d'Kand héiere kräischen an och d'Schluchze vu senger Mamm war net ze iwwerhéieren. "Zanter der leschter Nuecht scho probéiere mer, dat klengt Meedchen ze befreien a mir héieren ëmmer nees seng Stëmm", esou den 48 Joer alen Noper Dani Rizo géintiwwer der AFP. E puer Stonnen drop koum dunn déi traureg Gewëssheet. Wéi d'Leit sech bis bei d'Dana duerchgegruewen haten, konnt ee just nach seng Läich biergen. "Hatt ass Doud" huet den Dani Rizo der AFP dunn erzielt. Säi Gesiicht huet zu deem Ament de ganze Misär erëmgespigelt, deen hien an deene Stonnen erlieft hat.

Dat ass eng Gesicht, déi een op ville Plazen erëmfënnt. D'Noperen an aner Volontaire gruewe mat allem, wat se hunn, ma dat richteg Geschier, fir séier virunzekommen, dat feelt hinnen. Dausende Leit sinn esou an de betraffene Gebidder amgaangen, Noperen, Familljememberen a ganz Friemer ze befreien. Well si awer lues virukommen, kënnt et dacks net zu engem Happy End. "Et ass eng extrem kritesch Situatioun", seet den 52 Joer alen Domingo Pacheco der AFP. Hie schafft zanter dräi Joerzéngten als Fräiwëllege fir d'Rettungsdéngschter. "Et gëtt e seriöe Manktem u Maschinnen an u Manpower".

An dee Ruff gëtt op ville Plazen ëmmer méi haart. Dat, well d'Autoritéiten nach net esou ageschratt sinn a gehollef hunn, wéi déi betraffe Bierger sech dat virstellen, mä och, well vill vun hinnen nach hoffen, déi Verschott nach lieweg ze biergen. An d'Zäit leeft hinnen aktuell fort. "Mir wëllen Hëllef, séier. Esou séier, wéi méiglech", seet den Jean Alexander Capote, deem seng Schwéiermamm beim Biewen ëm d'Liewe komm ass.

Rodriguez annoncéiert Militärasaz

An enger Usproch op der Tëlee huet d'Iwwergangspresidentin annoncéiert, datt een d'Militär an d'Regioun La Guaira géif schécken, fir ze hëllefen. E Samschdeg hunn AFP Journalisten dann och déi éischt Zaldoten an de Gebidder gesinn. Och huet Si de betraffene Famillje versprach, datt si net eleng sinn. E Grond, wisou een zu La Guaira esou lues kéint hëllefen, wieren d'Volontaire selwer. Si géifen nämlech den Zougang zu ville schwéier betraffene Gebidder blockéieren an esou déi offiziell Sich- an d'Rettungsoperatioune behënneren.

Back to Top
CIM LOGO