
E Pilot, dee mat sengem klenge Fliger an dat héchsten Héichhaus zu Peking geflunn ass, ass de chineeseschen Autoritéiten no am Accident ëm d'Liewe komm. Wéi d'Autoritéite vum Quartier Chaoyang e Samschdeg matgedeelt hunn, goufen op der Plaz vum Accident an der chineesescher Haaptstad ausserdeem 13 Mënsche blesséiert. Iwwer d'Ursaach vum Virfall hunn d'Autoritéiten nach näischt gesot.
De klenge Fliger hat e Freideg ee Lach an d'Glasfassad vum 528 Meter héije Civic Tower geschloen. E Video vun engem Aenzeien, op deem d'Pompjeeë beim Läsche vun engem Feier ze gesi sinn, an deen och d'Iwwerreschter um Buedem virum Gebai weist, gouf Online an de Soziale Medie gedeelt. D'Police zu Peking huet d'Héichhaus allerdéngs ofgespaart an huet d'Leit dru gehënnert, Fotoen oder Videoen ze maachen.
Eng offiziell Matdeelung zum Fall gouf et e Freideg awer nach net. Eréischt Samschdeg hunn d'Autoritéiten zu Chaoyang confirméiert, datt ee klenge Fliger mat engem Motor an zwee Sëtz "an een Héichhaus gefall" wier. "Déi eenzeg Persoun u Bord wat de Pilot, deen ëm d'Liewe koum", huet et an der Matdeelung am Online-Déngscht Wechat geheescht. 13 Mënsche wieren op der Plaz blesséiert ginn. Déi weider Ermëttlungen zum Virfall wieren nach net fäerdeg.
De Civic Tower ass 108 Stäck héich an an de Büroen, déi dodran ënnerbruecht sinn, kënne bis zu 12.000 Mënsche schaffen. A China gëtt et u sech streng Regulatioune fir d'Loftfaart, virun allem zu Peking. Zanter Abrëll ass de Verkaf vun Dronen an der chineesescher Haaptstad verbueden, a fir all Kéier, datt een eng benotze wëll, muss ee sech eng Geneemegung ufroen.