Täter ass dout16 Blesséierter bei Schéisserei an tierkescher Schoul

AFP, iwwersat vun RTL
Wéi et vun offizieller Säit heescht, wiere bei enger Schéisserei am Südoste vum Land 16 Leit, dorënner majoritär Schüler, blesséiert ginn.

E fréiere Schüler ass en Dënschdeg a seng al Schoul agedrongen an huet do ëm sech geschoss. Dobäi huet hien 16 Leit blesséiert, éier hie sech selwer d’Liewe geholl huet, esou déi offiziell Zuelen.

Wéi d’Attack zu Sanliurfa am Südoste vun der Tierkei gemellt gouf, gouf direkt d’Spezialunitéit alarméiert an d’Schüler aus dem Gebai vun der Schoul evakuéiert, esou de Gouverneur vun der betraffener Regioun Hasan Sildak géintiwwer der Press.

Op Tëleesbiller ass ze gesinn, wéi Ambulanze virun der Schoul stinn an d’Kanner voll Panik aus dem Gebai lafen. Den Hasan Sildak huet der Press gesot, datt et sech beim Ugräifer zu engem fréiere Schüler handelt, deen 2007 gebuer gi wier. “Hien huet sech d’Liewe geholl, wéi hie vu Polizisten an den Eck gedränkt gouf”, esou de Gouverneur. “Mir hunn d’Schoul evakuéiert a wäerten eng Enquête zu dësem trageschen Tëschefall an d’Weeër leeden”, sot hie weider.

Lokale Medien no sinn déi meescht Leit, déi blesséiert goufen, Studenten.

Back to Top
CIM LOGO