
E Sonndeg den Owend koum et zu engem déidlechen Tëschefall zu Düsseldorf, bei deem e Mann erstach gouf. D'Pompjeeë goufen an de Staddeel Friedrichstadt geruff, nodeems eng schwéier blesséiert Persoun gemellt gi war.
D'Ekippen hunn de Mann an engem Appartementshaus fonnt, mee fir den 38 Joer ale koum all Hëllef ze spéit an hien ass nach op der Plaz gestuerwen. D'Affer hat der Police no kee feste Wunnsëtz.
Zwee Männer, 35 a 45 Joer al, goufe kuerz drop festgeholl. Ee vun hinne konnt direkt virum Haus gestallt ginn, den zweete gouf no enger kuerzer Sich zu Duisburg opgegraff.
D'Police an d'Justiz ermëttelen nach zu de geneeën Ëmstänn iwwerdeems déi zwee presuméiert Täter virun en Untersuchungsriichter mussen.