
Iwwer 1,5 Millioune Moslemen aus der ganzer Welt sinn e Méindeg an d'Stad Mekka gereest, fir um Hadsch, enger Pilgerfaart, deelzehuelen. Déi éischt Etapp war d'Kaaba, e grousst, quadratescht Gebai am Zentrum vun der al-Haram-Moschee, déi d'Pilger traditionell siwe Mol ëmkreesen.
D'Pilger ginn an enger riseger Zeltstad ënnerbruecht. Nieft de politesche Spannungen an der Regioun maachen och déi aussergewéinlech héich Temperature vu bis zu 47 Grad de Mënschen zousätzlech ze schafen.
Dës Joer fält den Hadsch an eng Zäit, wou et vill Ongewëssheet iwwert eng méiglech Léisung am Iran-Krich gëtt. Trotz Waffestëllstand zënter Abrëll bleiwen d'Tensiounen héich, besonnesch well och d'Golfstaate wéi Saudi-Arabien, déi mat den USA verbonne sinn, vum Iran ugegraff goufen.
An dësem Kontext konzentréiere sech d'Autoritéiten a Saudi-Arabien dëst Joer drop, de Pilger aus der ganzer Welt, inklusiv aus dem Iran, eng sécher Pilgerfaart z'erméiglechen. Op engem Video vum Verdeedegungsministère goufen Ofwiergeschützer an engem Viruert vu Mekka gewisen.