
De libaneesesche President Joseph Aoun huet de Réckzuch vun Israel aus dem Süde vu sengem Land als "net verhandelbar" Fuerderung an de Gespréicher mam Nopeschland bezeechent. "Déi israeelesch Attacken hunn net opgehalen an eis Dierfer am Süde leiden nach ëmmer ënner der neier Besatzung", esou den Aoun e Méindeg. De Libanon géing dës Realitéit net akzeptéieren. "De Wee zu engem kompletten israeelesche Réckzuch bleift eng net verhandelbar a bestänneg national Fuerderung, un där hirer Realisatioun de libaneesesche Staat duerch Verhandlunge schafft.
Israel an de Libanon sinn zanter 1948 formell am Krichszoustand an hu keng diplomatesch Relatioune mateneen. Am Abrëll waren ënner der Vermëttlung vun den USA Gespréicher iwwer eng Friddensléisung zu Washington opgeholl ginn. Eng nei Ronn ass fir Ufank Juni ugesat, virdru sollen den 29. Mee militäresch Delegatiounen am Pentagon zesummekommen.
De Libanon war Ufank Mäerz an den Iran-Krich eragezu ginn. Als Reaktioun op d'Ermordung vum ieweschten iranesche Leader Ali Chamenei huet d'Hisbollah-Miliz, déi vun Teheran ënnerstëtzt gëtt, Israel mat Rakéiten ugegraff. Israel ass doropshi massiv Attacken op Ziler am Süde vum Libanon geflunn an huet Buedemtruppen iwwer d'Grenz geschéckt, déi op engem Terrain vun zéng Kilometer laanscht d'Grenz am Asaz sinn.
Den Hisbollah-Chef Naim Kassem huet e Sonndeg den Owend säi Widderstand géint direkt Negociatioune mat Israel betount, wéi och de Refus vun der Miliz, der Fuerderung vu Beirut fir eng Entwaffnung nozekommen. "Wann dës Regierung net an der Lag ass, d'Souveränitéit ze garantéieren, sollt si goen", esou de Kassem. "Wou bleift d'Souveränitéit, wann Amerika d'Fiedem am Libanon zitt?" Den US-Ausseminister Marco Rubio hat der Hisbollah e Sonndeg reprochéiert, "aktiv ze probéieren, de Libanon nees a Chaos an Zerstéierung ze zéien".
Tëscht dem Libanon an Israel gëllt zanter Mëtt Abrëll eigentlech eng Wafferou, dës ënner der Vermëttlung vun de Vereenegte Staate verlängert gi war. Israel an d'Hisbollah attackéier sech trotzdeem weider.