Seel huet sech geléist18 Persounen aus Seelbunn zu Saarbrécken gerett

RTL mat AFP
Nodeems sech e Sonndeg e Seel vun enger Seelbunn zu Saarbrécken geléist huet, hunn 18 Persoune missen aus de Kabinnen evakuéiert ginn – Blesséierter goufen et keng.
No ongeféier annerhallwer Stonn waren all 18 Persounen aus hire Kabinne befreit.
© Feuerwehr Saarbrücken

Zu Saarbrécken hu Pompjeeën e Sonndeg 18 Leit, dorënner Erwuessener a Kanner, aus de Gondele vun enger klenger Seelbunn befreit. D'Seelbunn, déi am däitsch-franséische Gaart läit, hat e Problem mat engem Seel, wat sech geléist huet. Doduerch konnten d'Passagéier net méi aus de Kabinnen eraus a souze fest.

Bei der Rettungsaktioun hu Spezialiste vun der Héichterettung mat de Pompjeeën zesumme geschafft. Déi meescht Persoune goufen iwwer zwou Dréileederen evakuéiert.

Well d'Leederen awer net un all Gondel komm sinn, hunn d'Secouristen och Leit direkt aus de Gondelen ofgeseelt.

No ongeféier annerhallwer Stonn waren all 18 Persounen aus hire Kabinne befreit. Blesséierter goufen et keng.

Back to Top
CIM LOGO