
Géint de Verdächtegen am Fall vun der Attack mat sechs Doudeger an engem Foyer fir jonk Mammen zu Stade an Niedersachsen läit neien Informatioune vun den Ermëttler no en nationalen tierkeschen Haftbefeel vir. Dat huet eng Spriecherin vum Parquet zu Stade e Méindeg confirméiert. Dëst ass den Ermëttler eréischt elo bekannt, well déi tierkesch Autoritéiten de Mann net mat engem internationale Mandat d'Arrêt siche gelooss hunn.
Dem Parquet no steet antëscht fest, datt den Beschëllegte just déi tierkesch Nationalitéit huet. De 45 Joer ale Mann soll virun dräi Wochen an engem Foyer zu Stade sechs Mataarbechter aus dem Foyer a vum Jugendamt erschoss hunn.
Hannergrond vun der Dot war den Ermëttler no warscheinlech e Suergerechtssträit. An der Ariichtung waren déi dräi Méint al Duechter vum Verdächtegen an déi 34 Joer al Mamm vum Kand ënnerbruecht. De Mann gouf kuerz no der Dot op der Flucht festgeholl. Hie setzt wéinst Verdacht vu sechsfachem Mord an Untersuchungshaft.