Kaddo vu KatarTrump säi Presidentefliger muss wéinst Sécherheetsproblemer zeréck an den Hangar

RTL mat AFP
Den US-President huet ugekënnegt, datt säin neien Air Force One – e Kaddo vu Katar – wéinst rezente Sécherheetsbedenke maximal opgerëscht gëtt.
Op der Royal Air Force Base zu Mildenhall am Oste vun England ass den Donald Trump vu senger aler Air Force One an déi nei, déi hie vum Katar geschenkt krut, ëmgeklommen.
Déi néi Boeing 747-8 an de Faarwe rout, wäiss an däischterblo.
© SAUL LOEB/AFP

Den US-President Donald Trump huet e Sonndeg annoncéiert, datt säin neien Air Force One Fliger, deen hie vu Katar geschenkt krut, fir ee Mount an den Hangar misst, fir "maximal opgerëscht" ze ginn, dat nodeems et Berichter iwwer Sécherheetsbedenke bei enger Rees an d'Tierkei gouf.

Den amerikanesche President ass den 1. Juli déi éischte Kéier mat där neier Boeing 747-8 geflunn. Wéi hien awer nëmmen annerhallef Woch méi spéit nom NATO-Sommet an der Tierkei nees mat engem eelere Fliger heemgeflu gouf, ass et séier d'Fro opkomm, firwat déi nei Maschinn net agesat gouf.

Der New York Times no huet de Fliger net déi selwecht Verdeedegungssystemer wéi säi Virgänger, virun allem wat d'Rakéitenofwier ugeet.

"En huet vill Fäegkeeten, mee sou wéi ech dat verstanen hunn, wäerte si en an engem Mount zeréckschécken, fir de Fliger 'maximal opzerëschten'", sou den Trump e Sonndeg. Dës Aarbechte wäerte ronn ee Mount daueren.

Den Donald Trump huet keng weider Detailer zu de geplangte Verbesserunge genannt. Den 80 Joer ale Republikaner hat am Virfeld schonn all Verweiser op méiglech Problemer mam neie Fliger erofgespillt.

D'Kinneksfamill vu Katar hat de Luxusfliger d'lescht Joer gespent, nodeems den Trump sech iwwer den Zoustand vun den zwee alen Air Force One Fligere beschwéiert hat, déi zënter 1990 als Presidentefligere vun den USA am Asaz sinn.

Kritiker hunn eng Rei ethesch, verfassungsrechtlech a Sécherheetsbedenke géint de Kaddo geäussert, deen e Wäert vun e puer honnert Milliounen Dollar huet a vun engem frieme Staat gespent gouf.

Zwee aner Boeing Air Force One-Fligere solle méi spéit dëst Joerzéngt geliwwert ginn, nodeems de Projet duerch eng Rei Verspéidungen an däitlech Käschteniwwerschreidungen ausgebremst gouf.

Back to Top
CIM LOGO