Verkaf vun illegalen, onsécheren a gefälschte ProduitenEU verhänkt Strof an Héicht vu 550 Milliounen Euro géint "AliExpress"

RTL mat AFP
Déi chineesesch Online-Handelsplattform muss eng Strof an Héicht vu 550 Milliounen Euro bezuelen. Dat huet d'EU-Kommissioun e Méindeg prononcéiert.
© Photo by JAKUB PORZYCKI / NURPHOTO / NURPHOTO VIA AFP

Wéinst dem Verkaf vun illegalen, onsécheren a gefälschte Produiten huet d'EU-Kommissioun eng Strof an Héicht vu 550 Milliounen Euro géint déi chineesesch Online-Handelsplattform AliExpress verhaangen. AliExpress hätt et verpasst, "wierksam Moossnamen z'ergräifen, fir d'Risiko vun der Verbreedung vu verbuedene Produiten ze verréngeren", huet déi Bréisseler Agence e Méindeg erkläert.

D'Entreprise huet elo bis Oktober Zäit, d'Mängel ze behiewen, soss ass mat weidere Strofen ze rechnen. An engem Communiqué huet d'Plattform scho reagéiert:

"Mir si mat der Decisioun vun haut an der onproportionaler Strof net averstanen, well dës eisem etabléierte Kader an den erhieflechen, proaktive Verbesserungen, déi mir virgeholl hunn, net ugemooss Rechnung dréit. Mir préiwen d'Decisioun mat vill Precautioun a consideréieren all méiglech Optiounen".

Back to Top
CIM LOGO