Iwwer 400 Dronen um MéindegFënnef Doudeger an 23 Blesséierter no ukrainescher Attack op russesche Bus

RTL mat AFP
Wéi russesch Autoritéiten e Méindeg mellen, huet d'Ukrain Moskau an der Nuecht mat Dronen ugegraff. An der Mëttesstonn goufen dann och eng Rei Doudeger bei enger ukrainescher Attack op e Bus gemellt.
An de leschte Méint huet d'ukrainesch Arméi hir Attacken op russeschen Territoire weider verstäerkt.
© TATYANA MAKEYEVA/AFP

Iwwer 400 Drone si russeschen Autoritéiten no an der Nuecht op e Méindeg op d'Regioun vu Moskau ofgeschoss ginn. De Buergermeeschter vu Moskau Sergej Sobjanin huet op der staatlecher Online-Plattform Max matgedeelt, datt déi meescht vun dësen Drone scho wäit ewech neutraliséiert goufen.

Informatioune vun der russescher Noriichtenagence Tass no si sechs Persounen an der Moskauer Regioun no Explosioune mat Blessuren an d'Spidol bruecht ginn – dorënner wieren och dräi Auslänner. Ob dës Blessuren direkt am Zesummenhang mat den Dronenattacke stinn, ass bis ewell net kloer.

An der Mëttesstonn koum dann awer d'Nouvelle vun enger gréisserer ukrainescher Attack op e russesche Bus an der Grenzregioun Belgorod. Wéi de Gouverneur Alexander Schumajew matgedeelt huet, wieren dobäi fënnef Persounen, dorënner ee Kand, ëm d'Liewe komm an 23 Persoune blesséiert.

An de leschte Méint huet d'ukrainesch Arméi hir Attacken op russeschem Territoire weider verstäerkt. Dës Ugrëffer gi vun der Ukrain als Reaktioun op déi méi wéi véier Joer Attacken op ukrainesch Gebidder bezeechent.

Back to Top
CIM LOGO