Grouss Suerge wéinst Canicule26.000 Hektar am Norde vu Madrid bei Bëschbränn zerstéiert, 1.200 Awunner evakuéiert

RTL mat AFP
An deene leschten Deeg kämpfen d'Pompjeeën nërdlech vu Madrid géint d'Flamen. D'Suerge ginn en vue vun den héijen Temperaturen an deenen nächsten Deeg ëmmer méi grouss.
This screen grab taken from handout aerial video footage released on July 18, 2026 by Spain's Pegaso unit of the Guardia Civil shows the military fighting a massive wildfire, in Cinco Villas area, near Zaragoza, in a sparsely populated part of the Aragon region in northeastern Spain.
© Spanish Guardia Civil/AFP

De Brand, deen en Donneschdeg ronn honnert Kilometer nërdlech vu Madrid ausgebrach war, léisst net no an huet antëscht 26.000 Hektar zerstéiert. 1.200 Mënsche goufen zanterhier evakuéiert, wéi d'Pompjeeën an d'Brandschutz-Agence e Méindeg matgedeelt huet.

De Bëschbrand, deen am Duerf La Mierla an der Regioun Guadalajara a Kastilien-La Mancha am Zentrum vu Spuenien ausgebrach ass, huet an deene leschte Stonnen eng immens grouss Fläch verwüüst, dat virun allem am Naturpark Sierra Norte. Wéinst der grousser Canicule am Land, déi an deenen nächsten Deeg usteet, sinn d'Agencen extreem besuergt.

Back to Top
CIM LOGO