
Mat ambitionéierten Ziler huet de Labour-Politiker Andy Burnham d'Amt vum brittesche Premierminister ugetrueden. De fréiere Biergermeeschter vum Groussraum Manchester gouf e Méindeg vum Kinnek Charles III. als Nofollger vum Keir Starmer un der Regierungsspëtzt ernannt. Bei senger éischter Ried als Premier huet den 53 Joer ale Britt en "10-Jores-Plang" an Aussiicht gestallt, fir Groussbritannien nees opzeriichten. Donieft goufen eng Rei vu sozialpolitesche Moossname versprach.
"Groussbritannien muss der Welt weisen, datt mir eis Stabilitéit zréckgewanne kënnen", sot de siwente brittesche Regierungschef bannent zéng Joer viru sengem Amtssëtz un der Downing Street 10. De Sozialdemokrat huet ënner anerem eng Reform vum Bildungssystem, eng Stäerkung vun der Industrie an de Bau vu Sozialwunnengen annoncéiert. Als Zil huet hien en Enn vun der Obdachlosegkeet am Land ausgeruff.
De Burnham wollt donieft och e Méindeg den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj uruffen. "Ech wäert zu 100 Prozent u senger Säit stoen", sot den neie Premier. Hie stellt och e Gespréich mam US-President Donald Trump an Aussiicht.
De Burnham iwwerhëlt d'Amt vu sengem Parteikolleeg Starmer, deen op en Neits no schlechte Resultater vun der Labour-Partei bei de Regional- a Kommunalwalen am Mee sou wéi duerch banneparteilech Kritik, déi ëmmer méi gewuess war, säi Récktrëtt als Partei- a Regierungschef erkläert hat.
Aus dem Ausland sinn et schonn eng Rei Gléckwënsch ginn, dorënner den däitsche Bundeskanzler Friedrich Merz, deen e fir eng Visitt invitéiert huet. "Grad an dësen Zäite beweist sech eis déif Verbonnenheet, sou de Merz. Och de franséische Staatschef Macron huet dem Burnham gratuléiert an dozou opgeruff, der "Partnerschaft" tëscht Groussbritannien an der EU "neie Schwong" ze ginn. Donieft hunn d'EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen an den EU-Rotspresident Antonio Costa dem neie Premier gratuléiert.