Wéinst israeeleschen AttackenIran schléisst Gespréicher mat den USA iwwer Konflikt am Libanon aus

RTL Lëtzebuerg
Well déi israeelesch Attacken am Libanon weider unhalen, wëll Iran och weiderhin net mat den USA a méiglech Gespréicher goen.
TOPSHOT - A plume of smoke rises following an Israeli airstrike on the outskirts of Tyre, southern Lebanon, on June 1, 2026.
Eng Dampwollek am Süde vum Libanon no neien israeelesche Loftattacken e Méindeg.
© AFP

Den Iran wëll net weider mat den USA iwwert de Konflikt am Libanon diskutéieren. Dat mellen iranesch Medien. Grond dofir sinn nei Attacke vun Israel op de Libanon. Viséiert sinn hei virop Ziler an engem Viruert vun der Haaptstad Beirut, deen als Héichbuerg vun der pro-iranescher Hisbollah-Miliz gëllt.

Tëscht Israel an dem Libanon gëllt u sech eng offiziell Wafferou zanter Mëtt Abrëll. Dës gëtt awer vun der pro-iranescher Hisbollah-Miliz net unerkannt. Deemno lancéiert d‘Hisbollah weider Attacken op Israel. Déi israeelesch Arméi ass iwwerdeems mat Buedemtruppen am Süde vum Libanon am Asaz an attackéiert aus der Loft.

Back to Top
CIM LOGO