Am Azteke-Stadion zu Mexiko City wäert den 11. Juni den Optakt vun der Futtball-Weltmeeschterschaft tëscht Mexiko a Südafrika gespillt ginn. Nieft dem weltbekannte Stadion hu sech eng gutt Woch virdrun Aktivisten a Famillje versammelt, fir op déi héich Zuel u vermësste Persounen am Land opmierksam ze maachen. Fir dës Aktioun hu si Biller mat Gesiichter vu vermësste Persounen a Form vun de bekannte Panini-Sticker gewisen an uechter de Quartier vun der Haaptstad opgehaangen.
Ronn 130.000 Persoune goufen a Mexiko zanter 2006 offiziell als vermësst gemellt. Dat ass d'Joer, an deem d'Regierung déi sougenannt "Operativo Michoacan", och nach als "Drogekrich" bekannt, lancéiert huet, fir den Drogenhandel am Land ze bekämpfen. A Realitéit hunn dës Mesuren awer éischter dozou gefouert, datt d'Kriminalitéit weider staark geklommen ass an dowéinst vill Leit Affer vu Bandekriminalitéit goufen.