
Déi franséisch Marinn huet e Sonndeg am Atlantik de russeschen Uelegtanker Tagor gestoppt. Dat huet de President Emmanuel Macron e Méindeg op de Soziale Medie matgedeelt. Mat der Ënnerstëtzung vun enger Rei Partner, dorënner Groussbritannien, wier et am Respekt vum Séirecht zu dëser Interventioun komm.
Et wier inakzeptabel, sou den Emmanuel Macron, dass Schëffer géint international Sanktioune géinge verstoussen an d'Séirecht géinge violéieren, fir domat d'Finanzement vum russeschen Ugrëffskrich an der Ukrain z'ënnerstëtzen. Déi Schëffer, déi net déi elementaarst Reegele vun der maritimmer Navigatioun géinge respektéieren, wieren ausserdeem eng Gefor fir d'Ëmwelt a fir déi allgemeng Sécherheet, sou de franséische President weider.
Ronn 750 Kilometer westlech vun der Bretagne wier et zur Interventioun um Pëtrolsschëff komm, dat zu Murmansk a Russland fortgefuer war an zur russescher Phantom-Flott gehéiert. Nodeems d'Pabeiere kontrolléiert gi waren, ass d'Schëff vun der franséischer Marinn a Richtung Brest escortéiert ginn, sou de lokale Procureur, wou weider Kontrolle wäerten duerchgeféiert ginn. D'Tagor ass de véierten Tanker, dee Frankräich interceptéiert huet.