Iran-KrichUSA an Iran mellen nei Attacken, Rakéitenalarm am Kuwait

RTL mat AFP
An den iranesche Staatsmedie gëtt en Ugrëff op eng Basis gemellt, déi dat amerikanescht Militär fir Asätz notzt. De geneeë Standuert gouf awer net preziséiert. Am Kuwait ginn d'Sireene vun der Loftofwier.
D'Wafferou am Iran-Krich ass vu béide Säite mëssuecht ginn
D'Wafferou am Iran-Krich ass vu béide Säite mëssuecht ginn
© US Navy/AFP

Déi iranesch Revolutiounsgarden hunn, eegenen Aussoen no, eng Militärbasis ugegraff, déi vun der US-Arméi benotzt gi wier. Dobäi gouf op der iranescher Staatstëlee awer net de Standuert preziséiert.

Kuerz virun der iranescher Attack hat d'Militär vu Kuwait erkläert, dass hir Loftverdeedegung op eng feindlech Dronen- a Rakéitenattack géing reagéieren. Der staatlecher Noriichtenagence Kuna no wieren am Iran d'Sireene vum Loftschutz ze héiere gewiescht.

Iwwerdeems hunn d'USA, trotz der eigentlecher Wafferou, iwwert de Weekend iranesch Dronen- a Radarkontrollanlagen attackéiert. Dës, an hire Wierder, "Selbstverdeedegungsugrëffer" ware géint d'Stad Goruk an d'Insel Keschm geriicht, déi no bei der Strooss vun Hormus läit, sou den US-Regionalkommando Centcom op de Soziale Medien. Et wier d'Reaktioun op "aggressiv" Handlunge vun den Iraner, déi an internationale Gewässer eng US-Dron zerstéiert haten.

Liest dozou och:

Back to Top
CIM LOGO