Och Kanner ënnert den AfferOp d'mannst 46 Doudeger no iertemlecher Explosioun am Myanmar

RTL mat AFP
Duerch eng iertemlech Detonatioun sinn am Norde vum Myanmar op d'mannst 46 Mënsche gestuerwen a méi wéi 70 goufe blesséiert.
This handout video grab released by an anonymous source and obtained on June 1, 2026 shows smoke billowing after an explosion in northern Myanmar that killed dozens of people on May 31, 2026.
Op Videoen ass d'Explosioun ze gesinn.
© ANONYMOUS/AFP

Bei enger Explosioun am Myanmar sinn e Sonndeg op d'mannst 46 Mënschen ëm d'Liewe komm. Wéi d'Rebellen, déi d'Gebitt am Norde vum südostasiatesche Land kontrolléieren, matgedeelt hunn, gouf d'Explosioun duerch eng iertemlech Detonatioun vu Biergbau-Sprengstoff verursaacht. E Vertrieder vum Rettungsdéngscht am Bezirk Namhkan vum Bundesstaat Shan huet vu 46 Doudege geschwat, dorënner och Kanner a méi wéi 70 Blesséierter. Eng aner Persoun aus der Rettungsekipp huet souguer vun 59 Doudege geschwat.

Zanter dem Militärputsch am Joer 2021 ass am Myanmar e Biergerkrich amgaangen, an deem d'Arméi géint eng Rei pro-demokratesch Rebellegruppen a bewaffent Gruppe vun ethnesche Minoritéite kämpft.

Back to Top
CIM LOGO