
Bei engem Accident géint 17:55 Auer zu Huldang op der Schmëtt gouf ee Foussgänger vun engem Auto ugestouss. Dee Blesséierte gouf vum Samu-Noutdokter an dem Rettungshelikopter versuergt. Donieft waren d'Ambulancieren an d'Pompjeeë vun Ëlwen am Asaz.
Um CR329 tëscht Näertrech a Grëmmelescht koum et dann nach géint 20:11 Auer zu engem Accident, bei deem en Auto e Bam ze pake krut. Dat no engem Manöver, bei deem de Chauffer eppes evitéiere wollt, wéi de CGDIS preziséiert. Eng Persoun gouf beim Accident blesséiert a vun de Rettungsdéngschter vu Wolz versuergt.