Vum Roaming zum Asaz fir de QuantecomputerViviane Reding kritt Uerde fir europäesch Meritten

Diana Hoffmann
D'Viviane Reding kuckt op bal 50 Joer an der Politik zréck. Déi europäesch Unioun huet hiert Liewe gepräägt, bis haut.
© RTL

Wann een iwwert déi fréier CSV-Politikerin Vivianne Reding schwätzt, soe vill Lëtzebuerger direkt: "A jo, dat ass déi, déi de Roaming an Europa agefouert huet". "Jidderee schwätzt vum Roaming. Dobäi hu mer nach vill méi wichteg Saache gemaach", seet d’Viviane Reding awer scho virum Interview. Dass si méi gemaach huet, stellen op d’mannst Membere vun den EU-Institutiounen, déi si fir den Uerde fir Europäesch Meritte proposéiert hunn, net a Fro. De Präis wäert déi fréier Politikerin en Dënschdeg de Moien zu Stroossbuerg an Empfang huelen.

Viviane Reding kritt Uerde fir europäesch Meritten / Reportage Diana Hoffmann

An de 70er Joren ass d’Viviane Reding an d'Politik komm. "Wou ech geduecht hunn, ech misst déi Welt do komplett änneren", seet si. Wéi den Zoufall et wollt, war den Deputéierte Jean Wolter hiren Noper zu Esch. Dësen huet dem Premier Pierre Werner vun den Ambitioune vun der jonker Fra erzielt, an esou ass si an d’Politik komm. Wärend hiren éischte Joren an der Chamber war zu Lëtzebuerg Stolkris. Et wieren hir Léierjore gewiescht, seet d’Viviane Reding. An deem Sënn, wéi ee Politik mécht a Wale gewënnt. Awer och hätt si dem Pierre Werner kënnen iwwert d’Schëller kucken, wéi hien d’Stolkris gemeeschtert an den Euro duerchgesat hätt. Déi 15 Joer am Europäesche Parlament hätt si da geléiert, wéi Institutioune funktionéieren.

Déi, déi de Roaming agefouert huet

Nodeems d’Schengen-Ofkommes 1995 a Kraaft getrueden ass, waren d’Grenzen op, d’Mënsche konnte reesen, studéieren oder iwwert d’Grenz schaffe goen. Déi deemoleg EU-Kommissärin Viviane Reding huet sech awer dorunner gestéiert, dass d’Kommunikatioun duerch déi héich Roaming-Käschten net grenziwwerschreidend wier. Awer och e bëssi nationalen Interessi war am Spill. "Dat hunn ech gemaach, well ech Lëtzebuerg sinn", verréit si. Hei wou d’Grenzen ëmmer iergendwéi no sinn.  Dëse Kampf hätt laang gedauert, well d’Ministere gefaart hätten, Steieren ze verléieren. D’Telekommunikatiouns-Entreprisen hätten da gemengt, faillite ze goen. Am Juni 2017 gouf trotzdeem agefouert, dass de Roaming europawäit näischt méi extra kascht.

Hiert Vertrauen an déi europäesch Unioun ass och an den haitegen Zäite grouss. De Problem gesäit si awer doran, dass Europa net ka mat Diktatore konkurréieren. China als Diktatur an Amerika um Wee dohinner. "Mir sinn e System, deen aus nationalen Demokratië besteet. Dës hunn en Deel vun hirer Zoustännegkeet ofginn, dass Europa ka funktionéieren", erkläert d’Viviane Reding. Bis elo hätt dat funktionéiert, well och d’Partner Demokratië gewiescht wieren. Mat den anere Partner misst een ëmdenken a méi rabiat ginn.

Dacks gëtt den Zesummenhalt an der EU awer a Fro gestallt. Ma dat wier ëmmer schonn esou gewiescht, wann eppes hätt missten unanime decidéiert ginn, mengt déi fréier EU-Deputéiert. Si stellt awer och fest: "Esou kënne mer net méi virufueren". Dat laangt Diskutéiere misst ewech. Decisioune misste méi séier kommen a méi konsequent.

Europa wier technologesch net op der Héicht

Wien net mat der Zäit geet, muss mat der Zäit goen. Dass déi Europäesch Unioun net kann an däerf stoe bleiwen, weist déi haut 75 Joer al Viviane Reding da selwer. Si setzt sech dofir an, dass aus klengen Entreprisen am Technologie-Beräich europäesch Champione ginn. Am Beräich vun de Quantecomputere wier hier dat schonn eng Kéier mat enger Entreprise zesumme gelongen. "Haut gëtt et eng europäesch Entreprise, déi d’lescht Joer méi Computer verkaaft huet wéi IBM", ënnersträicht si.

Europa hätt net dat gemaach, wat een hätt missten, fir am Domän vun den Technologië kënne mat Amerika a China a Konkurrenz ze trieden. Wann Europa sech net géing staark beweegen, wier een net just hannendrun, mee och ofhängeg. "Wien an Technologie ofhängeg ass, ass net méi fräi", stellt si fest. Dofir bräicht et och vill privat Suen an eng aner Manéier, fir d'Entreprisen ze finanzéieren.

Back to Top
CIM LOGO