DroneproduktiounEU an Ukrain wëllen an Zukunft méi enk zesummeschaffen

RTL mat AFP
D'Ukrain hätt dat néidegt Wëssen, Europa enorm technologesch an industriell Kapazitéiten, esou d'Ursula von der Leyen.
D'EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen bei hirer Visitt zu Kiew.
D'EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen bei hirer Visitt zu Kiew.
© TETIANA DZHAFAROVA/AFP

D'Presidentin vun der EU-Kommissioun Ursula von der Leyen huet e Mëttwoch zu Kiew e Partenariat mat der Ukrain annoncéiert, fir d'Produktioun ënner anerem vun Dronen z'erhéijen. "Dat, wat mir haut ënnerschreiwen, ass en Accord fir Dronen", huet si virum ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj matgedeelt. "Dësen Accord verbënnt d'Ingenieurswësse vun der Ukrain mat der industrieller Kraaft vun Europa", huet si weider gesot, ouni awer an Detailer oder an d'Valeur vun dësem Accord anzegoen.

Zanter der Invasioun vu Russland am Februar 2022 huet d'Ukrain seng Expertis a säin Know-how op- an ausgebaut. "Mir mussen datt zesummen ausbauen", esou d'von der Leyen zu Kiew. D'Iddi, esou d'EU-Kommissiounspresidentin, ass et, fir déi ukrainesch Expertis, déi si och am Feld bewisen hunn, mat der immenser Kapazitéit vun der Industrie an der EU ze verbannen.

"Mir hu sécher Produktiounssitten, déi eppes dozou bäidroe kënnen, andeem se hir Produktioun eropschrauwen", esou d'Kommissiounspresidentin. "Mat dësem Accord ass eise Message kloer: De Moment, fir an d'Ukrain ze investéieren, ass komm. Dat bedeit och an Europa an an eise gemeinsam Sécherheet ze investéieren."

D'Ukrain produzéiert aktuell 10 Milliounen Drone pro Joer. Verschiddener vun hinnen kënnen esouguer laang Distanzen zeréckleeën. D'Ukrain huet wëlles, fir an noer Zukunft dat duebelt dovun ze produzéieren, esou de President Selenskyj.

Kiew huet scho verschidden Accorde iwwer d'Drone mat Länner wéi dem Katar oder Saudi-Arabien ënnerschriwwen, dat och grad aktuell mam Bléck op der Krich am Noen Osten. Weider Accorde mat Däitschland, Kanada, Norwegen a Finnland sinn an der Maach.

Back to Top
CIM LOGO